Search

You may also like

Groussasaz beim Kölner Dom: Tourist verwiesselt normalen Niwwel mat Feier
Neiegkeeten

Groussasaz beim Kölner Dom: Tourist verwiesselt normalen Niwwel mat Feier

An der leschter Nuecht koum et zu Köln zu engem

Bei der Tripartite vum Stolsecteur huet et ee prinzipiellen Accord
Neiegkeeten

Bei der Tripartite vum Stolsecteur huet et ee prinzipiellen Accord

D‘Patronat, d‘Gewerkschaften an d‘Regierung hu gëschter Dënschdeg am Kader vun

Nei Reegel zur Beflaggung am Empire
Neiegkeeten

Nei Reegel zur Beflaggung am Empire

Datt et am britteschen Empire, wou de Premierminister Boris „King

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!

Präiserhéijungen a Moossen wann ech gelift!

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) muss feststellen, datt ëmmer méi Verbraucher sech iwwert déi drastesch Präiserhéijungen am Eenzelhandel a bei verschidden Déngschtleeschtunge beschwéieren. Mat der Pandemie si vill Recetten ewechgefall an duerch d’Erëffnung vun de Geschäfter an anere Betriber komme fir d’Ëmsetzung vun de virgeschriwwe sanitäre Moossnamen weider Käschten dobäi.

D’ULC erënnert an dësem Kader drun, datt Verträg am Bausecteur, déi virun der Coronakris ënnerschriwwe gi sinn, ausgefouert musse ginn an déi zukünfteg Proprietären net gezwonge kënne ginn, duerch Ännerungen am Vertrag weider Käschten ze iwwerhuelen.

Den Eenzelhandel an aner Déngschtleeschter ginn dozou opgeruff, hir Präisser just a Moossen ze steigeren, wa méiglech awer op d’Präiserhéijung ze verzichten. Et sollt een nämlech drun denken, datt zéngdausenden Employéen net méi hir voll Paie kréien an esou een Deel Kafkraaft verluer hunn. Ze staark Präiserhéijunge géifen d’Clienten éischter verschrecken an zu engem méi gënschtegen Ubidder dreiwen, wéi en zeréckzegewannen.

Bei net vermeidbare Präissteigerunge sollten Déngschtleeschter net iwwerdreiwen. Virun allem bei Liewensmëttel an anere Produiten, déi alldeeglech gebraucht ginn, wier et ubruecht, net all ze vill dropzeschloen, a Moossen ze handelen an och d’Situatioun vum Verbraucher ze berécksiichtegen.

Onnéideg an net gerechtfäerdegt Präissteigerunge mussen dem Verbraucher erspuert bleiwen. Den Endverbraucher kann schliisslech net déi ganz Käschte vun der Coronakris eleng um Bockel droen. Déi sanitär Kris dierf net nach zur sozialer Kris ginn an ëmmer méi Mënschen a Famillen an d’Aarmut drécken.

Aus dësem Grond fuerdert de Konsumenteschutz d’Kafkraaft ze erhalen an ze stäerken. Dat kéint iwwert Steieren, wéi beispillsweis automatesch Upassungen vun der Steiertabell un den Inflatiounstaux, d’Offlaache vum Mëttelstandsbockel oder déi komplett Steierbefreiung vu Mindestlounempfänger gereegelt ginn.

Opmaacherbild: © Bianca Lucas / Unsplash

Related topics Eenzelhandel, Kafkraaft, Konsumenteschutz, Liewensmettel, Moossen, Präiserhéijung, Präiserhéijungen, ULC
Next post Previous post