Search

You may also like

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik
Neiegkeeten

déi gréng: Eist Land brauch eng besser Kulturpolitik

Nodeems déi gréng sech déi lescht Woch fir de Wunnengsbau

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“
Neiegkeeten

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“

Um Haaptsëtz vun der Post war um Mëttwoch eng weider

D‘Grondsteier muss hire Beitrag géint d‘Präisexplosioun am Wunnberäich leeschten

D‘Grondsteier muss hire Beitrag géint d‘Präisexplosioun am Wunnberäich leeschten

Kierzlech ass eng Delegatioun vum OGBL vun der Inneministesch empfaange ginn. Am Mëttelpunkt vun dëser Entrevue stoung déi vun der Regierung ugekënnegt Reform vun der Grondsteier.

D‘Inneministesch huet virausgeschéckt datt d‘Reform vun der Grondsteier en Element vu beabsichtegter allgemenger Steierreform wäert sinn an datt d‘Virbereedungsaarbechten nach net ofgeschloss sinn. Si huet hire Standpunkt matgedeelt, datt d‘Grondsteier eng kommunal Steiereinnam bleiwe soll. Dobäi misst de längst iwwerfällege Bewäertungskader fir déi steierlech Erfaassung vum Grond- a Buedembesëtz eng sozial Komponent fir déi eege Wunneng enthale muss.

Den OGBL huet sengersäits seng Fuerderung bekräftegt, datt d‘Regierung drénglechst steierlech Moossname géint d‘Buedem- an Immobiliëspekulatioun virhuele muss. Wann d‘Regierung dat net mécht, ass de Kampf géint d‘Präisentwécklung am Immobiliëberäich an déi doduerch verursaacht weider Kafkraaftverloschter zum Nodeel vun de Bierger aussiichtslos.

Aus dësem Grond misst d‘Grondsteier zousätzlech zu enger anti-Spekulatiounssteier ausgebaut ginn. Den OGBL erneiert an dësem Zesummenhang säi Virschlag vun enger Nullsteier fir déi eege Wunneng an enger progressiv sech erhéijender Grondsteier beim multiple Besëtz u Buedem. Déi héijer Steiereinname fir d‘Gemenge sollten dem kommunale soziale Wunnengsbau an dem kommunalen Erwerb vu Buedem, respektiv Wunnengen zerguttst kommen.

Esouwuel d‘Inneministesch wéi och den OGBL hunn d‘Noutwennegkeet vun enger effizienter Besteierung vun de Baulücken an den eidel stoende Wunnengen ënnerstrach. Un enger nationaler Steiermoossnam wäert een net laanscht kommen. Zum Schluss vun der Entrevue ass e weidert Treffe vereenbaart ginn, bei där ënnert anerem déi kommunal Legislatioun an déi geplangte Reform am Wunnberäich behandelt soll ginn.

Matgedeelt vum OGBL, fräi aus däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Grondsteier, Inneministesch, Logement, OGBL, Spekulatioun, Steierreform, Taina Bofferding
Next post Previous post