Search

You may also like

Vel’OH! – een neie System vum Locatiounsvëlo
International Neiegkeeten Stories

Vel’OH! – een neie System vum Locatiounsvëlo

Leschte Freideg huet de Schäfferot den neie System vun de

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!
International Neiegkeeten Stories

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!

Wie schwätzt, dee léiert. Genee no dësem Prinzip fonctionnéiert de

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul
International Neiegkeeten Stories

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul

Am Krich géint den Islamesche Staat (IS) féieren déi irakesch

Et war keen „Accident“ mee premeditéierte Mord

De Procureur vu Pontoise huet gëschter d‘Ëmstänn vum Dout vum Alisha erläutert

Et war keen „Accident“ mee premeditéierte Mord

Et ass Méindeg den 8. Mäerz, Weltfraendag. Um spéiden Nomëtteg zu Argenteuil, treffen sech am Schied vum Viaduc vun der A15 deen d‘Seine iwwerspaant, zwou Studentinnen aus enger privater Beruffsschoul zur „Aussprooch“. D‘Alisha, 14 Joer jonk, huet d‘Entrevue net iwwerlieft…

Mord

Fir de Procureur vu Pontoise, Eric Corbaux, deen den Dossier ze behandelen huet, war et siichtlech keng einfach Aufgab ob d‘Erkenntnisser vun dëser schrecklecher Dot anzegoen. Een Affer an zwee jugendlecher vu 15 Joer. Si hunn e Méindeg net nëmmen d‘Alisha an d‘Floss gehäit hunn, mee direkt dat eegent Liewen hannendrun. De Verlaf ass bekannt, d‘Kanner hunn d‘Dot agestanen.

Schoulkomeroden

D‘Affer an d‘Täter begéinen sech eng éischte Kéier am September 2020, wéi si d‘Beruffsschoul „Cognacq-Jay“ integréieren. Dëst privat Institut huet ee gudde ruff, vu Reiwereien tëscht Schüler ass näischt bekannt. Déi dräi Studente kommen aus ënnerschiddleche Schoulen, hunn sech also eréischt hei kenne geléiert. D‘Affer an de jonke Mann hunn eng kuerz „Bezéiung“, dann entscheet sech de Bouf fir dat anert Meedchen.

Béid Meedercher, esou de Procureur, hätten hir frëndschaftlech Bezéiung weidergefouert, wat dem jonke Kärel vu 15 Joer guer net gepasst huet. D‘Lag geréit ëmmer méi aus dem Rudder, bis et am Februar zu éischte Faite kënnt. Et wier kee groussen Opwand gewiescht, dem Alisha säin Handy ze zoppen an sech Zougank zu den Daten um Handy ze verschaffen. Hei sollen d‘Täter Biller vum Meedchen an Ënnerwäsch geklaut hunn.

D‘Alisha gouf iwwert den Ëmwee vun de sougenannten „sozialen Netzwierker“ zënter ee puer Wochen an der Schoul gemobbt. D‘Direktioun wousst Bescheed hat eng disziplinaresch Prozedur, géint dem Alisha seng „Komeroden“ an de Wee geleet. Et soll och zu Handgräiflechkeeten tëscht de Meedercher komm, an de Bouf hätt „stress gehat“ well d‘Alisha schlecht vu sengem Papp geschwat hätt. Si goufe kuerzfristeg suspendéiert.

Eigentlech hätten déi zwee sech um Dënschdeg 9. Mäerz virum „gréngen Dësch“ zu de Virwërf misse positionéieren. Dozou sollt et wéi elo gewosst ass, net méi kommen. Fir de Procureur Eric Corbaux, gëllt et unhand de Geständnisser, der Auswäertung vun de Messagen am Netz an och de Messagen (SMS) als erwisen, datt déi „Zwee“ d‘Dot geplangt haten, een et hei mat engem kloer premeditéierte Mord ze dinn huet.

Zum Verlaf vun der Dot

Tëscht de Meedercher war d‘Stëmmung bei der Däiwel, an d‘Alisha huet widderholl Gespréicher ofgewisen, bis zum Méindeg. D‘„J“ huet op dränge vu sengem Frënd insistéiert, an d‘Alisha huet schlussendlech noginn. Si haten sech Rendez-vous ënnert dem genannte Viaduc ginn. De Procureur Eric Corbaux huet betount, datt sech béid Meedercher ee ganze Moment laang ënnerhalen hunn.

Wärend deem hat sech de Kärel hannert enger vun de Saile vum Viaduc verstoppt, an huet op de passende Moment gewaart. Wéi hien ervir komm ass, hätt hien d‘Alisha „iwwerrascht“ an direkt zolidd an d‘Gesicht geschloen, et mat den Hoer gerappt an zu Buedem geworf. Et ass weider op d‘Affer ageschloe ginn, et gouf mat Féiss géint de Kapp getrëppelt… Et sollt net derbäi bleiwen.

Esou wéi et de Procureur duergestallt huet, hätt d‘Affer zu dësem Ament wuel mat den Aen op gejéimert, mee d‘Täter waren zu dësem Zäitpunkt schonn drop beduecht „hir Spuren ze verwëschen“. Si hunn d‘Affer ergraff, fir et vum Quai (ee ganz héich geleeëne Quai) an de Floss ze geheien, a sinn uschléissend bei de jonke Mann heem, fir d‘bluttverschmierte Kleeder ze wiesselen.

De Bouf soll senger Mamm e kuerze Bericht ginn hunn, iert si hir Kleedung gewiesselt an sech nees duerch d‘Bascht gemaach hunn. Si fueren op Paräis, kafen eppes z‘Iessen an a gi bei ee Frënd dee vun deem ganzen näischt gewosst huet. Allerdéngs hat d‘Mamm vum 15 järege Bouf do schonn d‘Police kontaktéiert. Déi huet d‘Koppel nach an der selwechter Nuecht beim „Copain“ verhaft.

Béide Kanner dréit elo Ongemaach. Och wann si absolutt keng juristesch Virgeschicht hunn, si dierften opgrond dem Fait datt d‘Dot geplangt war, an dem Constat datt si géintiwwer de Police guer keng Gewëssensbëss gewisen hunn, hir Zukunft mat ëmbruecht hunn. Frankräich huet an dësem Joer zolidd Problemer mat der Gewalt tëscht Jonken, hei wäert wuel en Exempel fälleg sinn.

Wann de Procureur alleguerten déi enoncéiert Punkten esou viru Geriicht duerchgesat kritt, ee berécksiichtegt, datt dëse Prozess och ee politesche Volet huet, wäerten dës Kanner net méi glécklech ginn. Fir de Procureur ass et ee „premeditéierte Mord“ dee kalbliddeg geplangt an ausgefouert ginn ass. Sollt d‘Geriicht dat och esou gesinn, stinn 20 Joer feste Prisong an Aussiicht.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Julian Böck / unsplash

Related topics Alisha, Argenteuil, Eric Corbaux, Frankräich, Kanner, premeditéierte Mord
Next post Previous post