Search

You may also like

Gesondheet &Lifestyle: Hu Fuerscher e Mëttel géint d‘Migräne fonnt?
Neiegkeeten Stories

Gesondheet &Lifestyle: Hu Fuerscher e Mëttel géint d‘Migräne fonnt?

Fuerscher vum CNRS, der Universitéit „Côte d‘Azur“ an dem Inserm,

geek
Si hu vill geschafft a kruten de Merci perséinlech iwwerliwwert
Neiegkeeten Stories

Si hu vill geschafft a kruten de Merci perséinlech iwwerliwwert

Am Kontext vun der Pandemie, där domadder zesummenhängend Kommunikatioun iwwert

Kautebaach: Persounenzuch kollidéiert mat Camion
Neiegkeeten Stories

Kautebaach: Persounenzuch kollidéiert mat Camion

Gëschter Mëtteg kuerz viru 14:00 Auer koum et bei enger

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff

De Jeannot Waringo gëtt spezielle Representant vun der Regierung am groussherzogleche Palais

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff

Eise Premierminister läit net am Sträit mam Haff, mee kann dem Personalkarussell dee sech ëmmer méi séier ze dréine schéngt, einfach net méi nokucken. Elo dann huet de Xavier Bettel (DP), deen eigentlech schonn 2016 „um Rad dréie wollt“ duerchgegraff, an der Groussherzogin Maria Teresa eng Rei Verflichtungen „ofgeholl“. Zukünfteg dierf sech en aneren ëm Personalfroe këmmeren…

Datt et iwwerhaapt wäit komme kommt, huet domatter ze dinn, datt kaum ee matkritt wat hannert den Diere leeft an d‘Personal net gewerkschaftlech organiséiert ass. Wier deem esou, hätt et längst misse knuppen, wat allerdéngs och deen oder anere Skandal mat sech bruecht hätt. Wéi och ëmmer, an de leschte véier Joer hu wäit iwwer 30 Salariéeën de Kont geholl. Mee eigentlech si se geflücht.

Nodeems sech rezent op en Neits Mataarbechter duerch d‘Bascht gemaach hunn, ass dem Premier wuertwiertlech de Gedoldsfuedem gerass an hien huet déi eenzeg Moossnam ergraff déi bei esou Fäll och Wierkt: engem aneren d‘Verantwortung iwwer dat groussherzoglecht Personal iwwerdroen. Dat ass de Jeannot Waringo, ex-Direkter vun der Finanzinspektioun. Dee soll et elo riicht béien.

Wann d‘Wierfel bis gefall sinn

Woubäi liicht gëtt dat net an et dierf ee sech froe wou de gudde Mann, deen net onëmstridden ass an a ganz ville Verwaltungsréit säin Onwiesen dreift, déi Zäit hierhuele soll, fir dësem Optrag a vollem Ëmfang gerecht ze ginn. Eng Fro déi schonn dowéinst berechtegt ass, als datt deen ale Mann keng Qualifikatioun matbréngt, déi e Personalchef soll hunn. Mee et geet jo och nëmmen ëm dat Personal wat mat Steiergelder bezuelt gëtt, an de Jeannot Waringo wäert jo net eleng de Biesem schwéngen.

Wéi och ëmmer, déi vum Steierzueler finanzéiert Salairë maachen am Joer knapp 7,6 Milliounen Euro aus, an dëse Budget gëtt zukünfteg vum (eigentlech) pensionéierte Beamte kontrolléiert. Dat dierft der Groussherzogin géint de Stréch goen, well bis ewell war si et, déi mat eisener Hand dem Personal d‘Ouere laang gezunn oder sech vun „onpassendem Mënschematerial“ getrennt huet. Mee ëmmer ëfters hunn et d‘Employéeë selwer virgezunn „d‘Been an de Grapp ze huelen“ an ze goen.

Esou laang et sech hei ëm d‘Personal mat de niddrege Charge gehandelt huet, war et jidderengem zimlech „Jackett wéi Box“. Wäertschätzung ass dem Lëtzebuerger net an d‘Wéi geluecht ginn, an et gëtt der séier wéineg dee e kannt hätten, dee fir den Haff d‘Toilette propper gemaach huet. Déi hätte kaum derzou gefouert, datt sech e Premierminister verflicht gefillt hätt missen anzegräifen. Nee hei ass ee ganz anere „Service“ vum groussherzoglechen Haff betraff: dee vun der Kommunikatioun.

Déi Leit déi an dësem Service schaffen, si Presseattachéeën a Beroder, ergo därer déi eppes méi laang d‘Schoulbänk gedréckt hunn, selbstänneg denke kënnen an natierlech och zolidd Goss fir dee Job kréien. Eis Groussherzogin – déi wuel technesch gesinn absolut keng Befugnis huet dëse Service ze superviséieren – huet ganz eege Virstellungen an déi schéngen net ëmmer erfëllt ze ginn firwat dann d‘Mataarbechter entlooss ginn, wat elo och net zum Nulltarif ze maachen ass…

Anere geet et wiesentlech méi schlecht

Wann elo d‘Elite ënnert dem Personal sech éischter manner ze bekloen huet – esou leit ginn ëmmer gebraucht a si meeschtens gutt vernetzt – esou ass dat bei der Botzfra oder der Kichenhëllef eppes anescht. Woubäi eng „Femme de Chambre“ hat géint d‘Kënnegung geklot, wat scho ganz no um „Lèse Majesté“ ass. Bei Geriicht wier den Haff „ewech gefuer“ an huet dat ganzt mat Goss gekläert.

Oder déi „aner Affär“ vun engem Salarié, deen e puer Joer nodeems hie geéiert gouf wéinst „faute grave“ entlooss gi war, an um Wee fir op d‘Aarbecht vun den Zankerten „gepléckt“ gouf. Deen huet sech sengerzäit selwer ëmbruecht an et gouf keen deen d‘Ëmstänn vum Selbstmord hätt wësse wëllen. Hei steet dann och nach ëmmer d‘Fro am Raum op deen net zu dëser Dot „gedriwwe“ gouf.

Et dierft awer dem Dossier „Chantal Selva“ geschëlt sinn, deen dem Premier quasi als Warnschoss ënnerkomm ass. D‘Groussherzogin hat sech déi Dam als „extern Beroderin“ an d‘Haus geholl an si krut eng Medail. Wéi awer déi üblech Iwwerpréiwunge gemaach goufen, sollt sech erausstellen, datt d‘Madamm „eng Vergaangenheet“ hat, firwat de Xavier Bettel d‘Kontroll nees wollt hunn.

Dat hu se um Haff als Affront betruecht an d‘Maria Teresa hat all Regëster gezunn, fir sech deem entgéint ze stellen. Elo also, dräi Joer nom Dossier „Chantal Selva“ muss de Jeannot Waringo sech dem Chaos unhuelen an Uerdnung an d‘Bud bréngen. Et soll strukturéiert ginn an d‘Fra vum Haus dierf sech net méi a Personalfroen amëschen, déi net direkt a Verbindung mat hirer Persoun stinn.

Méi interessant nach wéi d‘Feststellung datt d‘Regierung e Pensionär muss erunzéie fir nees esou eppes wéi gereegelt Verhältnisser um Haff hierzestellen, ass de Fait, datt d‘Regierung iwwerhaapt – och wann et dofir déck dräi Joer gebraucht huet – gewot huet anzegräifen. Schliisslech vergräift e sech jo ee bëssi um historesche Patrimoine vum Land, wann ee mat Steng op d‘Kroun schéisst…

Foto: Vum PlayMistyForMe – Eegent Wierk, CC BY 3.0

Related topics Groussherzogin Maria Teresa, Haff, Jeannot Waringo, Personalkarussell, Xavier Bettel
Next post Previous post