Search

You may also like

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert
Neiegkeeten

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert

Wien leschte Weekend een Tour laanscht d’Musel gemaach huet, konnt

Place de Metz: Een Zeeche fir de Fridden
Neiegkeeten

Place de Metz: Een Zeeche fir de Fridden

Am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Volontariat bei der Lëtzebuerger

Op der Sich no helle Käpp
Neiegkeeten

Op der Sich no helle Käpp

Et schonn eppes méi laang hier, datt sech Deputéierter doriwwer

Premier verleet d‘Heure de Vérité

Wéi et heescht, soll de Regierungsrot haut dann elo awer net siegéieren, fir iwwert e méiglechen an deels jo gewënschte Reconfinement ze beroden

Premier verleet d‘Heure de Vérité

Eise Premier ass wuel ee lëschtege Kadett, mee zesumme mat der Gesondheetsministesch dierft him den Ament net villes afalen, wouriwwer ze geckse wier. D‘Infektiounszuelen si grotteschlecht an och d‘Resultater vun de Kläranlaganalyse loossen näischt Gutts erwaarden. An de Xavier Bettel hat jo beim Vott vum Gesetz, och héchstperséinlech vu der „heure de vérité“ geschwat.

Dës „Stonn vun de Wourecht“ hat de Premier op den haitege Mëttwoch verluecht, wéi hien den Deputéierte vun der Oppositioun keng Detailer zu der gemengter „Wourecht“ verweigert huet. Et geet awer hei ëm näischt manner wéi de Reconfinement, an esouguer wann dësen nëmme partiell sollt sinn, et wier op en Neits en Agrëff an eis Grondrechter. Bei eisen Nopere leeft et schonn.

Wann dann elo d‘Stonn vun der Wourecht verluecht gouf, esou heescht dat net, datt d‘Ministeren eng roueg Klatz dréine kéinten. Sécher, säitens der Task-Force heescht et, datt d‘Opkomme vum Covid19 an den Analyse vun de Kläranlagen sech „berouegt“ hätt, mee an hirem Rapport fuerderen d‘Experten dann awer weider Moossname fir déi epidemiologesch Well an de Grëff ze kréien.

Insgesamt konnt déi accentuéiert Kurv eppes ofgeflaacht ginn, d‘Situatioun selwer awer géif nach ëmmer exponentiell bleiwen. Méi einfach: all sechs Deeg verduebelen sech d‘Infektiounszuelen, an domadder dierft – oder sollt – jidderengem verständlech sinn, datt et eben net grad de Moment ass, op déi déck Tromm ze schloen. D‘Task Force rifft op, déi prophezeiten Zuelen ze verhënneren.

Erkenntnisser a méiglech Zeenarien

Wann et dann elo nei, eppes méi restriktiv Mesure gëtt, esou ass zur Stonn net erwisen oder gewosst ob déi den Gewënschten Effet produzéieren. Dat wier schlecht am Sënn vun „katastrophal“ well mir hei am Land ganz reell den Zesummebroch vum Gesondheetssystem musse realistesch betruechten. Dofir erschéngt et och essentiell, datt keng Etappen an/oder Mesuren elo hei ausgelooss ginn.

Wéi gesot, de Lëtzebuergeschen Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST), dee sech mat der Analys vun der Covid19-Presenz an de Kläranlage beschäftegt, ass grad elo nees zouversiichtlech, well d‘Tauxen op de Statioune vu: Beetebuerg, Beggen, Béiwen-op-der-Attert, Ëlwen, Miersch, Péiteng a Schëffleng wesentlech besser gi sinn. Leider trëfft dat net op all d‘Kläranlagen zou.

An de Kläranlage vu: Bleesbréck, Gréiwemaacher, Hesper, Iechternach, Uewersyren a Wolz huet d‘Presenz vum Covid19 zougeholl. Wann sech dorausser elo nach ëmmer ergëtt, datt op dat ganzt Land bezunn, ee Réckgang vu 50% gemellt ka ginn, esou kann aus sougenannte Brennpunkten, séier ee Flächebrand entstoen. Fir den ament schéngen des Zuelen de Lockdown ze verhënneren.

Rock‘n Roll op der Oppositiounsbänk

Op een et als „politesch Missioun“ oder schonn „gewollte Provokatioun“ gesäit, déi aktuell eppes ugespaante Situatioun tëscht Oppositioun an Majoritéitskoalitioun, dréit weder zu engem bessere Versteesdemech vun den noutwennege Mesure bäi, nach mécht et sonnerlech Spaass, deem Ganzen am Kontext vun de multiple Krisen (Covid19, Logement, Ëmwelt a Wirtschaft) nozekucken.

Wann et politesch richteg war, dem Xavier Bettel säin Optrëtt an der Sendung „riicht eraus“ op der Antenn vum Honnertkommasiwe kritesch unzegoen, esou wéi dat säitens der Fraktiounspresidentin vun der CSV gemaach ginn ass, dat weist dat awer och drop hinn, datt d‘Nerve blank leien, an et dem Premierminister duerchaus kéint dru geleeë sinn, fir de bestoenden Dissens ze erweideren.

Mam „Geescht“ vum Etat de Kris hauséieren ze goen, egal op wéi enger Antenn oder a wéi ee Mikro, dat fir eng Politik duerchzesetzen, déi zumindest an hire Grondlagen ufänkt onverständlech ze ginn, ass net gutt. Net gutt fir d‘Bierger, d‘Wirtschaft an d‘Land am grousse ganzen. Dat un all méiglechen Zeenarie mat hire Gesetzestexter geschafft gëtt, kann dogéint nees begréisst ginn…

Illustratioun: © Sven Brandma / unsplash

Related topics Confinement, Covid19, Etat de Kris, Heure de Vérité, Lockdown, Reconfinement, Xavier Bettel
Next post Previous post