Search

You may also like

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass
International Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass

De brittesche Sänger ass wuel ee vun den exzentreschste Mënschen

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?
International Neiegkeeten

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?

En neien Tomb Raider Film kënnt d’nächst Joer an de

Och d‘CSL deet sech schwéier mat Perspektiven
International Neiegkeeten

Och d‘CSL deet sech schwéier mat Perspektiven

Déi sanitär Kris bréngt villes zu Onwee firwat 2021 sech

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!

Kréien d‘Schoulmeeschter méi Goss dann trëtt den Antonio Costa zréck

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!

Et gëtt ënnert den europäesche Sozialiste ganz droleg Gesellen – a fir eng kéier ass net Rumänien gemengt – an de Ministerpresident vu Portugal mécht do keng Ausnam. Den Antonio Costa, deen zanter 2015 eng Minoritéitsregierung ze leeden huet, wëll säi Mandat opginn, sollt en ëmstriddent Gesetz (géint säi Wëllen) vum Parlament ugeholl ginn.

An eigentlech, esou de naive Gedanke vu politesch a gesellschaftlech sozial engagéiert Mënschen, géif een dach dovunner ausgoen, datt e sozialistesche Premierminister, senge Bierger, oder wéi an dësem Fall den Enseignanten, an de Réck fält. Genee dat awer spillt den Ament a Portugal of. Fir d‘Enseignante déi hir Salaire wëllen ajustéiert kréien, huet den Antonio Costa wéineg iwwreg.

Woubäi d‘Enseignanten a Portugal eigentlech just den Ausgläich fir déi Jore vun der Wirtschaftskris an dem unhänglechen Austeritéitsprogramm. Bal 10 Joer laang huet et keng Gehaltserhéijung méi ginn an elo wier dann och un der Zäit, datt dësen Effort unerkannt an d‘Paien endlech ugehuewe ginn. D‘Regierung hat jo ugebueden, d‘Gehaltserhéijung vun de leschten 3 Joer nozebezuelen…

Hei läit dann och d‘Kromm an der Heck. De Bildungsausschuss vum Parlament ass zum Schluss komm, datt den Enseignanten zousätzlecht Geld fir de ganzen Zäitraum – also insgesamt 9½ Joer – zousteet. D‘Fuerderunge vun den Enseignante wieren also berechtegt, woubäi eenzeg an eleng d‘Sozialisten déi zréckweisen an natierlech géint d‘Ausbezuele gestëmmt hunn. A firwat dat ganzt?

D‘Argument vum Jurist a fréiere Buergermeeschter vu Lissabon

Datt sech de portugisesche Premierminister géint de Gehaltsausgläich vun den Enseignante stellt, begrënnt hie mam Montant vun der „Schold“. Géif alles ausbezuelt wéi et sech gehéiert, esou kéint dat bis zu 600 Milliounen Euro kaschten. Dat awer, esou den Antonio Costa, géif de Budget net gestemmt kréien. Zudeem, wier et dat falscht Signal a Richtung vun den anere Beamten.

Gefaart gëtt an dësem Kontext, datt Fonctionnaire mat héijere Gehälter, och nodréiglech op hir Gehaltserhéijung bestoe kéinten. Wat jo u sech och nëmme gerecht wier, mee weider Ausgaben a Milliounenhéicht bedeite géif. Dofir huet den Antonio Costa d‘Handbrems gezunn an de President, wéi och de Parlamentspresident, datt hien, sollt d‘Gesetz ugeholl ginn, säin Amt néierleet.

Déi portugisesch Deputéiert hunn elo bis de 15. Mee Zäit sech Gedanken iwwert de Gesetzprojet ze maachen. Eng Decisioun déi kengem dierft liicht vun der Hand goen. Engersäits geet et bei dësem Gesetz ëm Gerechtegkeet, anersäits géif d‘Demissioun bedeiten, datt et a Portugal zu Neiwahle kënnt. Eng Optioun: de Staatspresident ka vum Verfassungsgeriicht eng Prüfung vum Gesetz verlaangen, an esou laang kéint de Premierminister säi Mandat ausfëllen.

mat indymedia/lis

Foto: De portugisesche Premierminister Antiono Costa, bei senger Interventioun um 3. Mee © Joao Relvas/Lusa

Related topics Antonio Costa, Enseignanten, Gehälterpfkommes, Portugal, Sozialisten
Next post Previous post