Search

You may also like

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen
International Neiegkeeten

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen

Dystopien sinn an der däitscher Literatur mëttlerweil in. Et ass

ESCH2022 geet am Hierscht un de Start
International Neiegkeeten

ESCH2022 geet am Hierscht un de Start

ESCH2022 huet sech virgeholl an der europäesche Kulturhaaptstadregioun Akzenter, an

Stauséi Do’s an Don’ts – Vun der Offallentsuergung bis zum wëlle campen
International Neiegkeeten

Stauséi Do’s an Don’ts – Vun der Offallentsuergung bis zum wëlle campen

De Lëtzebuerger Stauséi lackelt am Summer zuelräich Visiteuren un, déi

Premierminister vum Québec wëll Immigratioun drosselen

Premierminister vum Québec wëll Immigratioun drosselen

De François Legault, Premierminister vum Québec, huet e Mëttwoch op e neits seng Intentioun, d‘Immigratioun an der Provënz reduzéieren ze wëllen, widderholl. Hien ass och decidéiert, d‘droe vu reliéisen „Zeechen“ fir d‘Staatsbeamten „an Autoritéitspositioun“ ze verbidden.

„Mir wëllen den Niveau vun der Immigratioun reduzéieren, fir d‘Moyenen ze hunn, d‘Immigrante besser an den Aarbechtsmaart an, an déi frankophon Majoritéit ze integréieren. Et mussen och eis gemeinsam Wäerter gedeelt ginn“; esou de François Legault, Chef vun der Koalitioun „Avenir-Québec“ (CAQ – Zentrum/Riets) an engem politeschen Discours, bei der Reprise vun der Aarbecht an der National-Assemblée zu Québec.

Den alen „Independentist“ deen zum kanadesche Federalismus konvertéiert ass, a mat enger gudder Majoritéit u Mandater aus de Legislative vum 1. Oktober un d‘Muecht komm ass, féiert Campagne a fuerdert d‘Zuel vun den Immigranten a Refugiéeën, ëm méi wéi 20% ze Reduzéieren. Aktuell ginn all Joer am Québec bis zu 50.000 Leit empfaangen.

„Der manner huelen, mee sech ëm déi gutt këmmeren“, sot hien um Mëttwoch, an huet domatter säi Slogan aus dem Wahlkampf widderholl. Fir den Auditoire huet de neie Premierminister vum Québec nach ënnerstrach: „all déi Gewielte vun der National-Assemblée si fir d‘Immigratioun“.

Relioun ass eppes Privates, a soll et bleiwen

De François Legault huet sech och der „Laïzitéit vum Staat an de reliéisen Zeechen“ ugeholl. Hien erënnert, datt „dës Fro elo zanter engem Joerzéngt verschleeft gëtt an d‘Bierger vum Québec es déck sat sinn“. De Premier deklaréiert dozou: „D‘Droe vu reliéisen Zeeche gëtt alle Staatsbeamten ënnersot déi eng Autoritéitspositioun bekleeden“. E Gesetz dozou soll am Februar virgeluecht ginn.

Eng grouss Majoritéit vun den Awunner aus dëser Provënz ënnerstëtzt dës Positioun vun hirer Regierung, wéi et aus engem Sondage – deen dës Woch vu Radio-Canada verëffentlecht ginn ass – ervirgeet.

Fir seng Ziler ze erreechen, kéint déi nei Regierung eng Klausel erunzéien, déi et hir erlaabt sech provisoresch der Uwennung vun der kanadescher Charta vun de Rechter an de Fräiheeten ze entzéien. Dee Verfassungstext, deen „d‘Reliounsfräiheet“ garantéiert, an domatter och d‘Droe vun däitlech erkennbare reliéisen Zeechen.

Déi virecht liberal Regierung vum Philippe Couillard hat eigentlech virgesinn, an d‘Gesetz de Prinzip vun der staatlecher Neutralitéit, mat enger Preferenz fir d‘Laïzitéit an der Verbannung vum islamesche Voile, anzeschreiwen. De neie Premierminister huet allerdéngs och bestätegt, datt d‘Bildung, Wirtschaft a Gesondheet, d‘Prioritéite vun der Regierung sinn a bleiwen.

mat AFP

Foto: De neie Premierminister vun der kanadescher Provënz Québec, François Legault, wëll manner Immigratioun, fir eng besser Integratioun ze erméiglechen. Eng Majoritéit vun den Awunner stinn hannert dëser Iddi. © Ludovic Marin/AFP

Related topics François Legault, Immigratioun, Integratioun, Québec, Reliounsfräiheet
Next post Previous post