Search

You may also like

Aweiung vun der neier CNS zu Esch-Uelzecht
Neiegkeeten

Aweiung vun der neier CNS zu Esch-Uelzecht

Gëschter huet d’Paulette Lenert, delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet, déi

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung
Neiegkeeten

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung

Déi zweet Gemengerotssëtzung vun der Minettemetropole stoung am Zeeche vum

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot
Neiegkeeten

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot

De Summer geet op en Enn, an net nëmmen d’Gemengewahle

Premierminister rifft zur Deseskalatioun a Wäissrussland op

Premierminister rifft zur Deseskalatioun a Wäissrussland op

Den 19. August hunn sech d‘Dirigente vun der EU per Videokonferenz zesummegesat, fir iwwert d‘Lag a Wäissrussland no de Presidentschaftswahle vum 9. August ze beroden. D‘EU verfollegt déi rezent Entwécklunge mat wuessender Suerg.

Unhand de Rapporte vun internationalen Observateuren, wier een zur Conclusioun komm, datt dës Wahle weder fräi nach equitabel waren. D‘EU huet entscheet dës Wahlen net unzëerkennen. D‘Membere vum Europarot hunn dann och déi disproportionéiert Gewalt vun den Autoritéite géint friddlech Demonstrante condamnéiert an d‘Fräiloossung – direkt an ouni Konditiounen – vun den illegal verhafte Persoune gefuerdert.

D‘EU wäert an noer Zukunft Sanktioune géint eng substantiell Zuel vu Individuen, déi fir d‘Gewalt, d‘Repressioun an d‘Wahlfälschung verantwortlech sinn, verhänken. Fir nohalteg Léisungen anzebréngen, invitéieren d‘Membere vum Europarot déi wäissrussesch Autoritéiten d‘Gewalt elo direkt ze beendegen an en nationalen inklusiven Dialog unzegoen, dee vun enger staarker Zivilgesellschaft an onofhängegen a fräie Medien ënnerstëtzt gëtt.

D‘EU invitéiert all d‘Drëttlänner esou en pazifisteschen an demokratesche Prozess ze ënnerstëtzen. An senger Interventioun, huet de Premierminister dem wäissrussesche Vollek seng Solidaritéit am Kampf fir eng Staark Demokratie ausgedréckt:

„D‘Resultater vum 9. August an d‘Gewalt déi dorops erfollegt ass, sinn inakzeptabel. Dës Repressioun muss direkt ophalen. Mir ënnerstëtzen dat wäissrussescht Vollek a mir wäerten alles an eiser Kraaft stoend maachen, fir den inklusiven nationalen Dialog op der Basis vun de Propose vun der OSZE a Wäissruss. Ech ruffen all Drëttland, dorënner och Russland op, dësen interne Prozess zu engem demokratesche Wiessel ze ënnerstëtzen“.

Xavier Bettel, Premierminister vu Lëtzebuerg

D‘Dirigente vun der EU hunn sech och der Situatioun am orientalesche Mëttelmier an de Relatioune mat der Tierkei ugeholl. Den Europarot huet sech virgeholl bei senger nächster Sëtzung, déi fir Mëtt September virgesinn ass, dës Froen nach emol opzegräifen. Déi besuergnesereegend Evenementer am Mali, war och Géigestand vun enger Diskussioun tëscht Staats- a Regierungscheffen.

Matgedeelt vum Staatsministère, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Eng demokratesch Gesellschaft opbaue schéin a gutt, mee no wellechem Modell? © Vitali Harmasch / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, EU-Kommissioun, EU-Rotspresident, OZSE, Russland, Svetlana Tichanowskaja, Wäissrussland, Xavier Bettel
Next post Previous post