Search

You may also like

Staatsrot: déi gréng si schockéiert!
Neiegkeeten

Staatsrot: déi gréng si schockéiert!

Nodeems d‘Sam Tanson (déi gréng) an der Chamber „noréckelt“ well

Wie léiere wëll, setzt sech dem Dout aus
Neiegkeeten

Wie léiere wëll, setzt sech dem Dout aus

An der afghanescher Haaptstad Kabul, huet et e Samschdeg en

US-Milliardär Epstein: Suizid?
Neiegkeeten

US-Milliardär Epstein: Suizid?

Wéinst sexuellem Mëssbrauch ugeklot, war de Jeffrey Epstein am Prisong

Dem Prënz Charles säin éischte Gebuertsdag

Dem Prënz Charles säin éischte Gebuertsdag

Haut feiert S.A.R. de Prënz Charles, Bouf vu LL.AA.RR. dem Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie, säin éischte Gebuertsdag.

Um 10. Mee 2020 koum déi freedeg Noriicht, der Ierfgroussherzoglecher Koppel hiert éischt Kand d’Liicht vun der Welt erbléckt hätt. D’Gebuert vum Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume – esou de ganzen Numm – gouf deemools mat 21 Kanouneschëss op der Héicht vum Fort Thüngen zelebréiert.

Gebuertsdag vum Prënz Charles
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Zënterhir ass scho vill geschitt. Ganz der Traditioun no gouf eng Rous no him benannt: D’„Prince Charles de Luxembourg“ krut am Oktober 2020 bei der Visitt vum Mënsbecher Schlass hiren Numm. E puer Deeg nom Kanddaf zu Klierf ass an der Stad Lëtzebuerg e Bam zu Éiere vum Prënz Charles gesat ginn, an dat net wäit ewech vum Käschtebam, deen de 5. Januar 1921 fir säin Urgrousspapp de Groussherzog Jean geplanzt gouf.

Zu dëser spezieller Geleeënheet huet d’POST Lëtzebuerg sech iwwregens och eppes Extraes afale gelooss, fir de klenge Prënz landeswäit ze éieren.

An dësem Kader wënscht d’Redaktioun alles Guddes fir den éischte Gebuertsdag!

Opmaacherbild: © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Related topics Alles Guddes, Bam, éischte Gebuertsdag, Gebuert, Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Maison du Grand-Duc, Prënz Charles
Next post Previous post