Search

You may also like

Dëse Weekend: „Vëlo-ViaNorden“
Neiegkeeten

Dëse Weekend: „Vëlo-ViaNorden“

D‘Initiative „Vëlo-ViaNorden“ déi vun de véier Nordgemenge Kiischpelt, Klief, Wäiswampech

Sécheren Online-Shopping: Méi streng Prozedure fir de Client
Neiegkeeten

Sécheren Online-Shopping: Méi streng Prozedure fir de Client

Zënter dem 1. Januar 2021 soll Online-Shopping duerch eng nei

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt
Neiegkeeten

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer

35. Gebuertsdag: Alles Guddes un de Prënz Louis!

35. Gebuertsdag: Alles Guddes un de Prënz Louis!

De Prënz Louis, drëtte Fils vun der groussherzoglecher Koppel a leidenschaftleche Familljepapp, dierf haut 35 Käerzen um Gebuertsdagskuch ausblosen. Zesumme mat sengen zwee Bouwen a senger Verloobter, dem Scarlett-Lauren Sirgue wäert dësen Dag mat Sécherheet gefeiert ginn.

Den 3. August 1986 ass de Prënz Louis Xavier Marie Guillaume an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d’Welt komm. Net nëmmen huet hien en Diplom a Kommunikatiounswëssenschaften an e Master a psychosoziale Studien, mee och nach en Diplom als Mediateur an hien ënnerstëtzt Mënsche mat Dyslexie.

Prënz Louis
De Prënz Louis mat senge Bouwen, dem Prënz Gabriel a Prënz Noah © Cour grand-ducale / Hana Noguchi

Am Summer 2020 huet de Prënz Louis schliisslech mat dräi Associéen SIBE Mediation, eng eege Mediatiounsfirma zu Paräis gegrënnt.

Ma, seng sozial Oder dréckt sech och am sportleche Beräich aus. Zanter 2004 dréit hien déi héich Schiermherrschaft vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun, säit 6 Joer och déi vun der Federatiouns vun den Arts Martiaux, an ee Joer drop koum d’Lëtzebuerger Federatioun vun den Aeronauten dobäi.

Fir de begeeschterte Sportler schléit d’Häerz besonnesch beim Biergsport méi héich. Nieft Kampfsport, Dëschtennis, Reiden, Sporttauchen an der Juegd sëtzt de Prënz Louis gären hannert dem Steier vum Fliger.

Prënz Louis
De Prënz Louis op der ARCUS © Cour grand-ducale / Charles Caratini

De Prënz Louis ass Papp vum Prënz Gabriel an dem Prënz Noah. Ufank Abrëll huet de groussherzoglechen Haff d’Verlobung mam Scarlett-Lauren Sirgue bekannt gemaach.

Opmaacherbild: De Prënz Louis am Joer 2018 © Cour grand-ducale / Lola Velasco

Related topics 35. Gebuertsdag, Alles Guddes, Familljepapp, Gebuertsdag, Prënz Louis, Scarlett-Lauren Sirgue
Next post Previous post