Search

You may also like

De Bluttspenderdag, erkläert
Neiegkeeten

De Bluttspenderdag, erkläert

Haut ass den internationalen Bluttspenderdag. D’WHO (World Health Organisation) organiséiert

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Abrëll 2021
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Abrëll 2021

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou
Neiegkeeten

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou

Et ass nees ee waarme Summer an deen huet folgerichteg

Freedeg Nouvellen: De Prënz Louis an d’Scarlett-Lauren Sirgue hu sech verloobt!

Voller Freed deelt de groussherzoglechen Haff mat, datt de Prënz Louis an d’Scarlett-Lauren Sirgue sech verloobt hunn. De Groussherzog an d’Groussherzogin wënschen de glécklech Verléiften alles Guddes.

Prënz Louis Verlobung
Cour Grand-Ducale / Facebook

De Prënz Louis Xavier Marie Guillaume ass den drëtte Jong vun der groussherzoglecher Koppel an ass selwer Papp vun zwee Bouwen: Dem Prënz Gabriel an dem Prënz Noah.

Seng zukünfteg Fra, d’Scarlett Lauren Sirgue gouf um 8. August 1991 zu Bordeaux gebuer, ass d’Duechter vun den Affekoten Pierre a Scarlett Sirgue. Wärend hire Papp sech mam Gesondheetsrecht beschäftegt an d’Mamm sech dem Familljerecht zouwennt, huet och hiert Meedchen dës berufflech Karriär ageschloen. Duerch hiren hëllefsbereete Charakter verdeedegt si d’Recht vun Affer.

De groussherzoglechen Haff beschreift d’Scarlett-Lauren Sirgue als generéise Mënsch, dee mat Häerz a Leidenschaft handelt. Besonneschen Interessi weist si an hirer Fräizäit an de Beräicher vun der Musek, dem Film, der Konscht an der Moud. Dobäi weist dem Prënz Louis seng Verloobten och selwer Talent an der Kreatioun. Schonn als klengt Kand huet si bei hirer Groussmamm bitze geléiert a setzt elo hir Iddien an Inspiratioun an der Couture ëm.

Billergalerie: © Aus der Privatkollektioun vu LL.AA.RR. dem Groussherzog an der Groussherzogin / Emanuele Scorcelletti

Related topics Groussherzoglechen Haff, Hochzäit, Nouvelle, Prënz Louis, S.A.R. de Groussherzog Henri, Scarlett-Lauren Sirgue, Verlobung
Next post Previous post