Search

You may also like

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of
Neiegkeeten

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of

Den Donald Trump schéngt erkannt ze hunn, datt en zweet

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs
Neiegkeeten

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt d’Strooss am Val Sainte Croix, vun

D‘Personal wäert net noginn
Neiegkeeten

D‘Personal wäert net noginn

Haut Moie war den Unterrecht an der „International School of

CGDIS: Ënnerhalb vu 15 Minutte sollen d’Asazkräfte op der Plaz sinn

CGDIS: Ënnerhalb vu 15 Minutte sollen d’Asazkräfte op der Plaz sinn

An Zukunft soll de CGDIS ënnerhalb vu 15 Minutten iwwerall am Land intervenéiere kënnen. Dat huet d’Inneministesch Taina Bofferding bei der Presentatioun vum nationalen Organisatiounsplang vun de Rettungsdéngschter (PNOS) ugekënnegt. Dës Demarche huet hire Präis, an awer ass et en noutwennege Schrëtt fir d’Sécherheet vun der Bevëlkerung.

Fir bei Noutfäll schnell reagéieren ze kënnen, braucht een natierlech genuch Personal, entspriechend Infrastrukturen an Equipement, sou wéi stabil a previsibel finanziell Mëttel. Nach ëmmer verfollegt een d’Zil méi wéi 4.000 Fraen a Männer am fräiwëllegen Déngscht vum CGDIS unzezéien.

D’Technologien evoluéieren ëmmer weider, d’Bevëlkerung wiisst an och d’Ëmweltaflëss hunn Auswierkungen op eist Liewen. Et ass méi wéi sécher, dass soumat an den nächste Joerzéngten d’Zuel un Interventioune vum CGDIS klamme wäert. Fir entspriechend virbereet ze sinn, gouf den ambitiéise Projet vum PNOS um 1. Mäerz ofgeschéckt. Elo hunn ënnert anerem eis 102 Gemengen am Land 3 Méint Zäit hiren Avis ofzeginn.

Wat ass …

Um 1. Juli 2018 ass de CGDIS offiziell gegrënnt ginn. Zënterhier beweist de Corps ëmmer nees Engagement a Professionalitéit.

Laut der Synthees vum PNOS konnten a 78% vun de Fäll d’Rettungsaktioune vun dem Ambulanze vum CGDIS ënnerhalb vu 15 Minutten ausgefouert ginn. Zesumme mat den Ekippe vum First Responder kënnt een op en Taux vu 95%. Am Beräich vun de Verkéiersaccidenter komme mir op 68%, bei de Bränn op 67%.

PNOS
Tabell zu de Persounerettungen (SAP)

An Zukunft wëll ee besser a méi schnell op Noutfäll reagéieren – dat bedeit fir de CGDIS am Fall vun engem Accident, Brand oder anerer Rettungsaktioun ganzer 90-95% vun den Asätz a 15 Minutten ze erreechen. E Wäert vun 100% kann ënnert anerem duerch imprevisibel Situatiounen (Trafic, Pann vum Asazgefier, …) net erreecht ginn.

Dës weidere wëll de CGDIS op potentiell Bedreeungen a Risike virbereet sinn, de Kontakt zu allen Acteure vun der Zivilgesellschaft an der Krisegestioun steigeren, sou wéi och d’Preventiounskultur fërderen.

…a wat kënnt

Ganzer 626.100 Residenten huet Lëtzebuerg 2020 gezielt. De CGDIS schätzt, dass mir bis 2024 tëscht 653.000 an 683.000 Awunner ziele wäerten, an d’Populatioun och ëmmer méi al wäert ginn. Doduerch gëtt souwuel méi Wunnraum an urban Fläch, wéi och Gréngzone gefuerdert. Enger Etüd vum STATEC no, géif d’Demande no Wunnraum bis 2030 op tëscht 81.000 bis 104.000 klammen.

Gläichzäiteg mussen d’Konsequenze vum Klimawandel a Betruecht gezu ginn. Mat ëmmer méi groussen Drécheperioden, klëmmt och de Risiko vu Bränn. D’Waasser gëtt knapp, a wëll de Buedem duerch d’Dréchente manner Flëssegkeet ophëlt, kann et schnell zu Iwwerschwemmunge kommen.

PNOS
(v.l.n.r.) Raymond Guidat, Direkter, Direktioun vun der operationeller Strategie, CGDIS; Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS; Taina Bofferding, Inneministesch; Alain Becker, Inneministère © MINT

Weider Bedreeunge kommen duerch sanitär Krisen, provozéiert duerch Kränkte beim Mënsch an/oder Déier, politesch an ekonomesch Ännerungen, oder och de Migratiounsflux, dee beispillsweis duerch Klimaflüchtlingen zustane kënnt.

Eleng op de Bevëlkerungswuesstem bezunn, rechent de CGDIS mat tëscht 53.000 an 55.000 Asätz am Joer 2024, am Verglach zu 47.014 Operatiounen am Joer 2018.

Am Beräich vun der Persounerettung (SAP) ass geplangt, dass 91% vun den Ambulanzen ënnerhalb vu 15 Minutten um Uert vum Asaz sinn (2018 waren et 78%). Zesumme mam First Responder wëll een ganzer 100% packen (2018 waren et 95%).

Ënnerhalb vun enger véierel Stonn sollen d’Asazkräfte dann och bei Stroossenaccidenter op der Plaz sinn (2018 waren et 68%) a bei Bränn wëll een op 90% kommen (2018 waren et 67%).

Fir dëst Zil ëmzesetzen, muss de Staats- a Gemengebudget fir de CGDIS an den nächste 5 Joer am Duerchschnëtt ëm 10% an d’Luucht gesat ginn.

Den Dossier vum PNOS kënnt Dir HEI eroflueden.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Taina Bofferding, Inneministesch; Alain Becker, Inneministère © MINT

Related topics 15 Minutten, Alain Becker, Asaz, Bevëlkerungswuesstem, Brand, CGDIS, First Responder, Inneministère, Klimawandel, nationalen Organisatiounsplang vun de Rettungsdéngschter, Paul Schroeder, PNOS, Rettungsdéngschter, Taina Bofferding
Next post Previous post