Search

You may also like

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn
International Neiegkeeten

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

No laangen a schwéiere Verhandlungen hunn dat Europäescht Parlament an

Dräi weider Gemenge schléissen sech dem Pakt vum Zesummeliewen un
International Neiegkeeten

Dräi weider Gemenge schléissen sech dem Pakt vum Zesummeliewen un

D’Gemenge Réiser, Stroossen a Klierf sinn Deel vum neien “Kommunalen

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg
International Neiegkeeten

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg

Den Dossier Lycéesreform huet fënnef Joer gebraucht fir endlech an

Europa: D‘Finnen iwwerhuelen d‘Presidence vum EU-Rot

Finnland wëll d‘Memberlänner zu engem verbindlechen Datum fir Klimaneutralitéit motivéieren

Europa: D‘Finnen iwwerhuelen d‘Presidence vum EU-Rot

Bis zum Enn vum Joer wëllen d‘Finnen de Konsens och mat den osteuropäesche Memberlänner fannen. Besonnesch Polen an Tschechien stäipen sech géint e verbindleche Stéchdag zur ugestriefter Klimaneutralitéit. Si hunn sech deemno richteg eppes virgeholl. Wéi stinn d‘Chancen?

Gewosst ass, datt déi Länner déi sech derzäit zu näischt verflichte wëllen, zumindest préiwe wëllen, wat „entspriechend Moossnamen“ fir en Impakt op hir aktuell Wirtschafts- an Energiepolitik huet. De Ministerpresident Annti Rinne ass allerdéngs zouversiichtlech. Hie mengt, datt wann dat gekläert wier, géifen och déi Memberlänner sech de gesaten Ziler zur Klimaneutralitéit uschléissen.

Déi finnesch Regierung verfollegt dobäi nach vill méi éiergäizeg Ziler. Bis 2035 soll nëmmen nach esouvill Zäregas ausgestouss ginn, wéi es ob anerer Plaz agespuert gëtt. Esou zumindest steet et schwaarz op wäiss am Regierungsprogramm. E Programm deen net bei jidderengem gutt ukënnt a politesch entspriechend héichgespillt gëtt. Déi rietsradikal Partei „d‘Finnen“ notzt dat fir sech aus.

Passionéiert optimistesch, raisonnéiert pessimistesch

Bei de Chamberwahlen am Abrëll, hat d‘SPD vum Annti Rinne däitlech d‘Zentrumspartei vum fréiere Ministerpresident Siplä geklappt, woubäi d‘Faschisten sech als zweetstäerkst Kraaft an der Chamber etabléiert hunn. De President vun „d‘Finnen“, Jussi Halla-aho, ass en zimlech bossege Personnage. 2012 wéinst Volksverhetzung veruerteelt an natierlech anti-europäesch ausgeriicht.

Hien hält den Debat zum „Klimawandel“ an d‘Diskussiounen ëm d‘Äerderwiermung fir iwwerzunn an déi politesch Ausriichtung vun der Regierung fir e Feeler. Déi sollt sech manner ëm d‘Problemer an der Welt, dofir méi ëm d‘Bierger am eegene Land këmmeren. Seng Partei setzt sech fir déi lokal Wirtschaft an Industriebetriber an, déi hir Opträg un asiatesch Länner verléiere géifen.

En Argument dat den Annti Rinne net novollzéie kann. Schliisslech géif de Klimawandel net un de Grenze stoe bleiwen, an d‘Situatioun wier erwisenermoossen net déi bescht. Ouni Zesummenhalt geet et net an Europa hätt eng gréisser Roll bei dëser weltwäiter Erausfuerderung ze spillen. D‘Ëmwelt ass d‘Kapital vun der Mënschheet, dat gëllt fir Finnland, wéi fir de Rescht vun der Welt.

mat indymedia/bru/hel

Foto: Maarit Ignatius-Kuittinen/Pixabay

Related topics Annti Rinne, EU-Rot, Jussi Halla-aho, Klimaneutralitéit, Presidence
Next post Previous post