Search

You may also like

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann
International Neiegkeeten

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann

Et ass vollzunn, am Gaasperecher Bann huet den neie „Shoppingzenter

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun
International Neiegkeeten

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun

Et ass (vir vill Leit) d‘Zäit vun der Summervakanz, an

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen
International Neiegkeeten

Ëffentlech Observatioun vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Tëscht dem 10. an dem 15. August 2018 si se

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter

Nodeems den Donald Trump an de Raum gestallt huet, datt ee beispillsweis mat Injektioune vun Desinfektiounsmëttel géint de Coronavirus Covid19 kéint virgoen, war net nëmmen am virtuelle Raum en zolitte Shitstorm entstanen, och am „richtege Liewen“ gouf et entspriechen Echoen…

Vill Leit hu gemengt „Dat kann dach net säin Eescht sinn“. Déi Leit haten – zumindest suggeréiert dem US-President säi lescht Pressebriefing genee dat – absolut Recht. Den Donald Trump, ass am Niewenjob Showmaster, a wollt an dëse schwéieren Zäiten, mat eppes Sarkasmus zu besserer Stëmmung bäidroen. An natierlech hunn d‘Reporter, wéi ëmmer, seng Aussoe falsch interpretéiert.

President

Wat war geschitt? Bei senger alldeeglecher Pressekonferenz um Donneschdeg, hat virum Donald Trump, den „Expert“ William Bryan vum Heemechtschutzministère erläutert, dat Desinfektioun- a Bleechmëttel de Virus op dréchene metallesche Fläche séier eliminéiert. Den US-President, huet dorausser ofgeleet, datt dës Hausmëttel bestëmmt och fir de medezinesche Gebrauch gutt sinn.

President„Gëtt et ee Wee, wéi mir esou eppes maache kéinten, duerch Injektioun oder esou, et wär interessant dat ze préiwen. Dat muss een natierlech den Dokteren iwwerloossen, awer fir mech kléngt dat ganz interessant“. Eng Ausso, déi am Kontext vun der Pandemie weder an der Pressekonferenz selwer, nach uschléissend an de Redaktiounen oder de sozialen Netzwierker „richteg verstane“ ginn ass…

„Maacht et net!“

De Pressebriefing war nach net richteg eriwwer, do huet d‘Verwaltung vum Katastropheschutz vum Bundesstaat Washington d‘Bierger gewarnt an dëse gesot si sollte weder Desinfektiounsmëttel oder aner Saachen dëser Aart anhuelen an pointéiert remarkéiert: „Maacht eng schlecht Situatioun net nach méi schlëmm“. Esouguer d‘Hiersteller vun dëse Mëttel hu misse Warnungen erausginn.

PresidentBeim britesche Konzern Reckit Benckiser (den Hiersteller vu Lysol, Dettol a villem méi) war een „not amused“, an si hunn op all hire Säiten nach emol drop higewisen, datt een ënnert kengen, also wierklech guer kengen Ëmstänn, soll Desinfektioun- oder Bleechmëttel zou sech huelen. Trotzdeem huet d‘Leit net dovunner ofgehale bei den Autoritéiten nozefroen, wéi een dat richteg Uwennt.

PresidentDofir dann nach emol: „Desinfektioun- a Bleechmëttel kënne bei äusserer Uwennung de Virus zouverlässeg ofdéiden, woubäi einfach Seef den Déngscht och mécht. Wat elo de Covid19 betrëfft, wann ee sech mat dësem infizéiert huet, esou misst endlech verstane ginn, datt et zur Stonn weder wierksam Medikamenter nach Technike gëtt, deem bäi ze kommen. An dat wäert nach daueren.

Wann een awer och alles erkläre muss

Den Donald Trump war dann uschléissend och siichtlech iwwerrascht, datt d‘Welt duerch seng sarkastesch Äusserung, esou piquéiert reagéiert huet. Besonnesch d‘Journalisten hätten nees alles falsch interpretéiert. Hien hätt zu kengem Ament d‘Amerikaner derzou opgeruff, Desinfektioun- oder Bleechmëttel anzehuelen oder sech esou eppes ze sprëtzen. D‘Press huet ebe keen Humor.

PresidentWoubäi et ass jo elo net dem US-President säin éischte Versuch, sech als Medeziner, Virolog a Pharmazeut an Zeen ze setzen. Hien hat widderholl den Amerikaner geroden zum Malaria-Medikament Hdyroxychloroquin ze gräifen. D‘FDA, déi Autoritéit an den USA déi sech ëm Liewensmëttel- a Medikamentesécherheet këmmert, huet sech gëschter dozou gäussert.

PresidentWat awer bleift, ass d‘Feststellung, datt dee Mann dee sech selwer zum Krichspresident ernannt huet, sech fir näischt ze schued ass. Déi grouss Gefor déi sech derhannert verstoppt, gëtt vu sengen Unhänger ausser uecht gelooss, a Parteiintern gëtt et och net wierklech dee Widderstand, deen elo dréngend noutwenneg wier, fir de Mann nees an de Grëff ze kréien. Vläicht hu se jo och opginn…

mat indymedia/was

Foto: © White House

Related topics Coronavirus, Covid19, Desinfektiounsmëttel, Donald Trump, Hdyroxychloroquin
Next post Previous post