Search

You may also like

Wéi gutt kenns du déi al Eisebunnsstrecke vu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du déi al Eisebunnsstrecke vu Lëtzebuerg?

[onionbuzz quiz-id=36][/onionbuzz] Den Zuch huet eng fest Plaz zu Lëtzebuerg.

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen
International Neiegkeeten

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen

Déi sanitär Situatioun erfuerdert ëmmer erëm eng nei Evaluatioun a

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht
International Neiegkeeten

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen

De 45. US-President beweist Charakterstäerkt

Mat de sougenannte „Mëtternuecht-Reguléierungen“ schaaft den Donald Trump nei Tatsaachen

De 45. US-President beweist Charakterstäerkt

Nach huet den Donald Trump säi Mandat als President vun de Vereenegte Staaten net (offiziell) verluer, heescht hien ass nach ëmmer de Locataire vum Wäissen Haus an dierf nach eegestänneg Decisiounen treffen. Esou veréiwegt sech de schlechte Verléierer mat Dosenden neie Virschrëften, déi dem Nofollger nach eppes Kappzerbrieches dierfte bereeden.

Beispill: dee gréissten an intelligentste President an der Geschicht vun den USA, huet de Summer iwwer bei villen Niewenoptrëtter ëmmer gären eng Anekdot aus dem Äermel gezaubert, bei där et ëm Waasserdrock geet. Net wierklech ee Spannende Sujet, mee Zweck war et jo och just, eng vum Barack Obama erloosse Verbrauchsvirschrëft – et geet ëm aspuere vu Waasser – ze diskreditéieren.

Dës Reegelen, déi derzou solle bäidroen, datt den Amerikaner eppes méi verantwortungsvoll mam Waasser ëmzegoen huet, ginn nach virun der Iwwergab vum presidentielle Mandat gelackert. An et ass dat nëmmen eng vu vill bewosst gewielte „Feelentscheedungen“. Richteg hannerfotzeg dogéint sinn „Ännerungen“ déi dem Donald Trump säi Charakter, säi Friemenhaass a Misogynie bestätegen.

Mee hien ass jo nach ëmmer am „America First“ Momentum gefaangen, an eigentlech ass et jo och nëmme rechtens, datt en (echten) Amerikaner besser gestallt ass, wéi dat importéiert Lompepak, dat an der Landwirtschaft zwéngend gebraucht gëtt. Fir Saisonsaarbechter soll manner Loun bezuelt an Transgender-Mënsche soll den Zougang zu Wunnheemer fir Obdachloser verbuede ginn…

Kléngt interessant, awer net esou erfrëschend wéi de Fakt, datt elo zum Dout verurteelt Mënschen nees dierfen erschoss ginn. Mënscherechter sinn an der virbildlechster Demokratie, wou de „Pro-Life“ Mouvement de Schwangerschaftsofbroch nees als Verbrieche verkläert, nach ëmmer eng vun de gréisste Prioritéiten… esoulaang se anerwäerts mussen agehale ginn. Esou beweist ee Stäerkt.

Hie mécht sech ee Spaass dorausser

Wann et Wirtschaftssecteure gëtt, deenen et net esou gutt geet, ass gewosst, datt den Donald Trump als gewieften Ekonomist an kongeniale Geschäftsmann – ëmmerhin ass et ee Milliardär dee ganz haart fir säi Räichtum geschafft huet – mat guddem Rot an gudder Dot bereet steet. Esou sollen elo d‘Medikamenter an den USA dem internationalen Index follegen. D‘Haaptsaach de Präis stëmmt…

Kleng Wouschtegkeete suergen dofir datt ee laang an Erënnerung behale gëtt. Fir sécherzestellen, datt deem esou wäert sinn, bestëmmt elo eng nei Reegel, datt „bürokratesch Richtlinnen“ net méi gesetzlech bannent sinn. Cool Iddi, wëll nach iert de „sleepy“ Joe Biden seng Administratioun um lafen huet, ass där hir Beweegungsfräiheet schonn zolidd ageschränkt. Wann s de eppes kanns.

Elo ass et richteg – an aus der Siicht vum bewosst provokantsten US-President vun der Neizäit wuel och bedauerlech – datt net all déi an der Hetz beschlosse Moossname virum 20. Januar wäerten a Kraaft triede kënnen. Et ass ee bëssi wéi mat de Lëtzebuerger Covid19-Gesetzer, viru Geriicht hunn se net ëmmer déi richteg Grondlag. Ufechtbar Feeler, kënnen sech an der Hetz jo och aschläichen.

Fir alles wat awer viru Geriicht standhält, heescht et, datt et laang (wierklech ganz laang) de Leit wäert vill Freed bereeden. Also elo déi wou den Notzen dovunner hunn, an dat si sécherlech net d‘Hongerleider an/oder d‘Migranten. Mee wann et deene géif Notze wier et jo och Kommunismus. Nach huet den Donnie ronn 50 Deeg fir sech, an u Kreativitéit feelt dem ale wäisse Mann jo net.

mat indymedia/was

Illustratioun: Wann engem net méi vill Zäit bleift, sollt een ee se gutt ze Notze wëssen. Den Donnie huet sech entscheet, dës ze notze fir maximale Schued unzeriichten. © Vincent Chan / unsplash

Related topics 45. US-President, Beschlëss, Donald Trump, Reglementer, USA, Walnéierlag
Next post Previous post