Search

You may also like

Covid-19-Gesetzer: Op wat muss een elo oppassen?
International Neiegkeeten

Covid-19-Gesetzer: Op wat muss een elo oppassen?

Mat den zwee Covid-19-Gesetzer (7606 a 7607) huet een de juristesche

Weider 4 Joer Partnerschaft tëscht der WHO a Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Weider 4 Joer Partnerschaft tëscht der WHO a Lëtzebuerg

En Donneschdeg hunn de Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang
International Neiegkeeten

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang

Den 21. Mee 2019 sollt als wichteg Etapp am Entwécklungsprozess

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger

Um Méindegowend huet sech den Emmanuel Macron zu enger Campagne géint eis Kollege vun der Wochenzeitung „Le Point“ geäussert. Hien hält et fir inakzeptabel, datt Affiche vun der Zeitung, déi op der „Une“ den tierkesche President als Diktator duerstellt, vun de Kiosken zréckgezu ginn, dat mam Motiv „datt si de Feinde vun der Fräiheet net gefalen“.

„Et ass absolut inakzeptabel datt Affiche vun @LePoint vun de Kioske vun de Press zréckgezu ginn, dat wëll se de Feinde vun der Fräiheet, a Frankräich wéi am Ausland net gefalen. D’Pressefräiheet huet kee Präis: ouni si, ass et d’Diktatur“, esou d’Reaktioun vum franséische President am Sozialnetzwierk Twitter.

Virum President, hat schonn d’Kulturministesch Françoise Nyssen op Twitter reagéiert: „D’Pressefräiheet berout op de Fräiheet vun der Distributioun. Mir kënne keng Menace géint d’Bedreiwer vu Kiosken toleréieren. Inakzeptabel. @LePoint“.

D’Wochenzeitung hat um Sonndeg eng Belästegungscampagne géint seng lescht Ausgab denoncéiert, déi op der éischter Säit den tierkesche President als Diktator presentéiert. A Südfrankräich huet et zolidd Menace ginn, a Bedreiwer vu Kioske sinn oppe bedreet ginn, esou datt si aus Angscht d’Affiche vun der „Une“ nees „ofgehaangen hunn.

Wie stécht dohannert?

„No enger Woch vu Belästegung, Beleidegung, Aschüchterung, antisemitesche Frechheeten an enger direkter Bedreeung an de sozialen Netzwierker, ass elo de Moment komm, wou franco-tierkesch AKP-Sympathisanten sech un de Symboler vun der Pressefräiheet an der Pluralitéit vun der Presse vergräifen“, esou d’Kollege vum „Le Point“ op hirer Internetsäit.

Esou huet e Freideg zu Pontet (Departement Vaucluse) e Bedreiwer vun engem Kiosk d’Affiche erofgeholl, nodeems hie vun engem Grupp Militante bedreet gi war.

President„E Grupp vun Tierken déi de President Erdogan ënnerstëtzen hunn de Gerant vum Kiosk op der grousser Plaz vun dësem Viruert vun Avignon bedreet. Si hunn hie gezwongen d’Affiche vum Le Point, déi op den dräi Face vum Kiosk ubruecht waren, erofzehuelen“, erkläert de Xavier Magnin, Cabinetsdirekter vum FN-Buergermeeschter Joris Hébrard.

D’Gesellschaft déi sech ëm d’Reklammeflächen op de Kioske këmmert huet dorops hin en Aarbechter op d’Plaz geschéckt, fir d’Affiche, déi e Portrait vum Recep Tayyip Erdogan am Titel „Den Diktator. Bis wouhinner geet den Erdogan?“ gewisen huet. Biller vun dëser Aktioun haten sech dann och séier an de sozialen Netzwierker verbreet.

Um Samschdegmueren huet d’Märei d’Gesellschaft, déi sech mat der Reklamm befaasst opgefuerdert d’Affiche nees unzebréngen. Dat war géint 16 Auer de Fall, an huet dozou gefouert, datt eng zwanzeg pro-Erdogan Unhänger sech nees beim Kiosk „versammelt“ hunn. D’Gendarmerie huet missen op d’Plaz komme fir „Uerdnung ze halen“.

E Sonndeg da war d’Affiche vun aneren, pro-Erdogan Affichen iwwerpecht ginn. Laut de Kollege vum Le Point, hu pro-Erdogan Militanten och d’Affiche vun engem Kiosk zu Valence (Departement Drôme) erofgerappt.

mat AFP

Foto: Tierkesch pro-Erdogan Militante bedreeën déi franséisch Wochenzeitung Le Point a Bedreiwer vu Kiosken, déi Affichen ophänken, op där déi éischt Säit vun der Zeitung ze gesinn ass, wou de Portrait vum tierkesche President ze gesinn ass, mam Titel „Den Diktator. Bis wouhinner geet den Erdogan?“. Fir de franséische President Emmanuel Macron ass dat en Ugrëff op d’Pressefräiheet. © Philippe Wojazer/AFP

Related topics Emmanuel Macron, Frankräich, Le Point, Recep Tayyip Erdogan, Wochenzeitung
Next post Previous post