Search

You may also like

money
ULC a KPL si sech eens
Meenung Neiegkeeten

ULC a KPL si sech eens

De leschte Méindeg huet et um Sëtz vun der KPL

Schweden: No Messerattack besteet Terrorverdacht
Meenung Neiegkeeten

Schweden: No Messerattack besteet Terrorverdacht

Am südschwedesche Vetlanda si gëschter aacht Persoune bei engem Ugrëff

What the Fakt – Den Emblème vun Europa entsteet
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Den Emblème vun Europa entsteet

Et ass net nëmmen d’Symbol vun der EU, mee steet

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)

Um Freidegmuere war de President vun der COPAS – dat ass den Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer – zu Besuch beim privat-ëffentlech-rechtleche Staatssender. Den 80 järegen Affekot, ex CSV-Minister, Riichter um EuGH an Ombudsmann zu Lëtzebuerg, huet an der Emissioun „Invité vun der Redaktioun“ gemengt. Datt hie sech all Dag géif Gedanke maachen, wéi een de Schutz vun de Leit an de Seniorenariichtunge verbessere kéint.

Hien ass der Meenung, datt et eventuell Sënnvoll gewiescht wier, d‘Personal an dësen Haiser an déi extern Prestatairen (a firwat net och de Verwaltungsrot) prioritär ze impfen. Hien ass zudeem der Usiicht, datt een déi rezent Tragedien net dierf emotional behandelen, mee een alles sachlech sollt debattéieren. Op dat eng Amëschung an d‘Politik vun der CSV-Fraktioun ass, déi gëschter Moien an hirer Pressekonferenz éischter Drock gemaach hunn?

Jiddefalls huet de fréiere CSV-Minister eng Lanz fir d‘Familljeministesch gebrach a kloergestallt, datt d‘Zesummenaarbecht, esouwuel mam Famillje- wéi mam Gesondheetsministère exzellent war an ass. Hien huet och drop higewisen, datt et d‘COPAS war, déi gefrot hat keng eenheetlech Reegelen, mee Recommandatioune virzeleeën, wëll d‘Populatiounen an den Haiser/Strukture jo och ganz ënnerschiddlech zesummegesat wieren.

Als President weess de Marc Fischbach natierlech net wéi vill Mataarbechter geimpft sinn, fënnt awer datt een och hätt missen d‘Botzpersonal impfen, oder et hinnen zumindest hätt sollen ubidde, wann een et schon vir dat administratiivt Personal mécht. Wat eng Impfflicht ugeet, esou ass de fréieren Ombudsmann, kee Frënd dovunner. Besser hätt hie sech am héijen Alter net an d‘Interna vu senger politescher Famill amësche kënnen.

No der Klimper-Tatta huet d‘CSV also ee weidere „Senior ouni politesch Ambitiounen“ an den eegene Reien, deen en „natierlecht“ Recht huet, d‘Grondastellung an d‘Ideologie vun enger dach eigentlech konservativ ausgeriichter Partei ze verdeedegen. Him muss entgaange sinn, datt Lëtzebuerg d‘Schwell vum 21. Joerhonnert iwwerwonnen huet, an et wierklech un der Zäit ass, d‘CSV och entspriechend auszeriichten.

Foto: Den Duo Santer-Fischbach beim CSV-Kongress zur EU-Wal am Mäerz 2019. Datt de Marc Fischbach (hei lénks am Bild) dem Lager vum Frank Engel zouzeschreiwen ass, wat d‘Form an den Inhalt vum Interview um Radio géif erklären, sollt een net musse betounen. © Martine de Lagardère / moien (Archiv)

Related topics Amëschung, Copas, CSV, ex-Minister, Marc Fischbach
Next post Previous post