Facebook ännert sech. Mir erklären, wat dat fir dech bedeit!
Sech mat Frënn a Famill a Verbindung setzen – dat
Sech mat Frënn a Famill a Verbindung setzen – dat
Engem ganze Secteur opzëerleeën seng Aktivitéiten op den allerstriktste Minimum
An Island huet et 252.000 wahlberechtegt Bierger an dovunner hu knapp 67% de Wee an de Wahlbüro fonnt. D‘Islänner waren opgeruff sech tëscht dem amtéierende President Gudni Johannesson an dem Geschäftsmann Gudmundur Franklin Jonsson ze entscheeden. D‘Resultat ass erstaunlech: 92,2% fir den Amtsinhaber. Dat kennt ee soss nëmmen aus Diktaturen…
Woubäi elo dëst Resultat alles wéi näischt mat enger Diktatur gemeng huet. De Gudni Johannesson ass zanter 2016 President vun Island, a kann sech bretze beim Vollek immens beléift ze sinn. Schonn an de Sondage virun der Wahl huet hie bei iwwer 90% däitlech virum Erausfuerderer geleeën. Hien ass ee Mann vum Vollek, steet derzou, an dat kënnt am Land richteg gutt un.
Esou schätze vill Islänner hire President och dowéinst, well dësen seng Buedemhaftung an de Kontakt zu de Bierger ni verluer huet. Hie fiert mat senge Kanner um Vëlo an d‘Schoul, weist Presenz bei Sportveranstaltungen an ass och soss uspriechbar. Datt hien oppe bekannt huet, datt Pizza-Hawaii (déi mat Ananas) en „no go“ ass, hat viru Joren international fir Opreegung gesuergt.
Doriwwer hu se op Island vill gelaacht a souwisou ass et den Islänner wichteg, mam Gudni Johannesson e President vun der nationaler Eenheet ze hunn. Eng Positioun déi den 52 järege Geschichtsprofesser couragéiert verdeedegt an och soss ass hien „anescht“. Déi him zoustoend Gehaltserhéijung hat de Gudni Johannesson net ugeholl an se fir wueltäteg Zwecker gespend.
Island ass wuel net Member vun der EU, mee gehéiert grad wéi Norwegen a Liechtenstein zum europäesche Wirtschaftsraum. Op der Insel wunnen 360.000 Mënschen an Presidentschaftswahle gëtt et all véier Joer, datt allerdéngs och nëmmen dann, wann et méi wéi ee Kandidat gëtt. De Covid19 huet bei dëse Wahle keng Roll gespillt, an Island huet et net emol 10 Infektiounsfäll…
mat indymedia/rek
Illustratioun: © Roan Lavery / unsplash