Search

You may also like

Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier
Neiegkeeten

Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier

„Bzzz“: E Geräisch, wat een dëse Weekend zu Tréier am Messepark

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied
Neiegkeeten

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied

Déi éischt Editioun vun der European Cinema Night wäert vum

Pressehëllef – An der Chamber geet weider un der Pressehëllefsreform geschafft

Pressehëllef – An der Chamber geet weider un der Pressehëllefsreform geschafft

Zanter geraumer Zäit gëtt un der Reform vun der Pressehëllef gedoktert, a wéi et heescht kommen déi Deputéiert mam Gesetzprojet 7631 gutt virun, an d‘Avise schéngen elo och all virzeleien. Zäit fir ee klengen Iwwerbléck zum Gesetz selwer a verschidden Avisen.

Virgesi sinn zwou verschidden Hëllefe fir den Editeur deen eligibel ass: Pro Journalist kann dësen 30.000 Euro (bei mindestens 5 Vollzäit beschäftegter Journalisten) zougestane kréien. Am zweete Fall geet et ëm ee feste Betrag an Héicht vun 200.000 Euro/Joer. Dës Hëllef gëtt an de Grenze vun de Budgetsdisponibilitéiten attribuéiert. Ass dës Disponibilitéit erschëpft, gëtt d‘Hëllef um Prorata ausgerechent. Dat hunn d‘Leit aus dem Ministère der Kommissioun e Méindeg esou erkläert.

Am Gesetz gëtt dann och tëscht dräi ënnerschiddleche Forme vun „Editeur“ ënnerscheet: 1) den eligibelen Editeur; 2) den opkommenden Editeur; an 3) de biergerlechen Editeur. Interessant ass d‘Astufung vum „opkommenden Editeur“ als Start-up, an d‘Definitioun dovunner. Dëse muss fir unzefänken zwee Vollzäit-Journaliste beschäftege fir d‘Subventioun vu maximal 100.000 Euro zougestanen ze kréien. No 2 Joer mussen dann d‘Konditioune vum eligibelen Editeur erfëllt ginn.

Bei der Virlag vum der éischter Versioun vum Gesetzprojet 7631, war nach festgehale ginn, datt en eligibelen Editeur muss ee Chef-Redakter beschäftegen, fir säin Usproch op d‘Pressehëllef geltend ze maachen. D‘ALMI, also de Verband vu (bal) alle Medienentreprisen zu Lëtzebuerg fënnt dat net gutt, wëll eng autonom Redaktioun och soll en Usproch op Pressehëllef hunn. Dat huet den an der Kommissioun agéierenden Deputéierten (ausser der CSV) ageliicht, an de Passus gouf gestrach.

Entspriechend dem neien Text, wou et eng Bäihëllef zur redaktionneller Tätegkeet gëtt, gemooss un der Unzuel vu beschäftegte Journalisten (Dat sinn déi uewe genannten 30.000 Euro), huet et eng Interventioun aus der Oppositioun ginn, an där drop higewise ginn ass, datt sech dat wäert op d‘Gehälter auswierken an een hei eng Precaritéit vum Salariat erbäigefouert gëtt. Dëse Betrag huet awer en direkten Zesummenhang mat der Subventioun vun 200.000 Euro fir den eligibelen Editeur.

Illustratioun: © Mahbod Akhzami / unsplash

Related topics ALMI, Chamberkommissioun, Gesetzprojet 7631, Pressehëllef, Pressepluralismus
Next post Previous post