Search

You may also like

De Maibock: den eigentlechen Ambassadeur vum Lëtzebuerger Summer
Neiegkeeten WTF

De Maibock: den eigentlechen Ambassadeur vum Lëtzebuerger Summer

A schonn nees esou e Béierchen, bei deem der d‘Waasser

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!
Neiegkeeten WTF

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!

De Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft Dan Kersch

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong
Neiegkeeten WTF

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong

Et war kee gudden Dag fir dem Donald Trump säi

surprise

Presserot vergëtt nei Pressekaarten

Presserot vergëtt nei Pressekaarten

Haut hunn an de Raimlechkeete vu Presserot eng 20 nei Journalisten hir Pressekaart erhalen, woumatter si offiziell Journaliste sinn. Fir déi eng ass et nach eng Stage-Period, well et wichteg ass och e puer Formatiounen ze duerchlafen, déi engem méi Sécherheet bei der Ausübung vum Beruff sollte ginn. Ganz wichteg hei: den deontologesche Kodex.

D‘Redaktioun ass houfreg seng Mataarbechterin an nei „Journalistin“ bei dësem Event begleet an ënnerstëtzt ze hunn. D‘Shari Pleimelding, dat säi e puer Méint déi redaktionnell Equipp verstäerkt, léisst sech weder e Bier opdréinen, nach eng vum grénge Päerd erzielen. Si huet hir eege Siicht op d‘Aktualitéit, kann esou léif wéi rose sinn, ouni déi spréchwiertlech Objektivitéit ze verléieren.

Presserot

Vill jonk Leit, an e „liichten Iwwerschoss“ un Dammen. Schreiwen ass keen einfache Metier, a mir sollten eis iwwert all neie Journalist freeën. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mam Shari Pleimelding huet déi Lëtzebuerger Presselandschaft eng journalistesch fortschrëttlech an engagéiert Journalistin gewonnen. Mir hoffen dat sech d‘Kollegen aus den anere Medien, grad esou wéi mir si respektéieren, och e frëndschaftlechen Ëmgangstoun mat eiser „Allzweckwaff“ fannen. Dat besonnesch och dann, wann d‘Meenungen sech ganz däitlech ënnerscheeden…

Foto: Eng vun den neie Journalistinnen, déi fir en anert „rauschen“ am Bliederbësch suergt: Shari Pleimelding, Journalistin vu „moien.lu“ © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Journalismus, Journalist, Journalistin, Presserot, Shari Pleimelding
Next post Previous post