Search

You may also like

Zenter fir erweidert Fleeg an der Luxexpo – weidert Bildmaterial
Meenung Neiegkeeten

Zenter fir erweidert Fleeg an der Luxexpo – weidert Bildmaterial

Zënter dem 23. Mäerz 2020 huet an der Luxexpo den

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!
Meenung Neiegkeeten

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!

Och am Hierscht soll gefeiert ginn – A wéi kéint

Op der däischterer Säit vum Mound
Meenung Neiegkeeten

Op der däischterer Säit vum Mound

Si hu laang dru geschafft, an elo ass et hinne

Wisou d’Primme fir d’Elektromobilitéit grad elo net de richtege Wee sinn

Wisou d’Primme fir d’Elektromobilitéit grad elo net de richtege Wee sinn

No der Period vum Confinement komme wirtschaftlech Froen op. Enn Mee huet d’Regierung d’Revisioun vun de Primme fir de Kaf vun engem neien, méi nohaltegen Gefier, annoncéiert. De Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) freet sech, op déi nei Moossname vun der Regierung an d’Deklaratioun vum Energieminister Claude Turmes wierklech op d’Besoinen vun der Wirtschaft an de Konsumenten äntwere kënnen.

Fir de Kaf vun engem E-Auto ass d’Primm vu 5.000 op 8.000 € eropgeschrauft ginn. Beim Kaf vun engem Vëlo oder Pedelec kann een elo 600 amplaz 300 € kréien, beim elektresche Motorrad oder Quad ass d’Primm vu 500 op 1.000 € geklommen an d’Primm vun 2.500 € fir Hybrid-Autoe gëtt verlängert. D’Moossname solle bis den 31. Mäerz 2021 gëllen, mee wéi pertinent sinn se eigentlech?

Elektromobilitéit

© Andrew Roberts / Unsplash

Komme mir als éischt zum Montant vun de Primmen. Beim Vëlo, dem Pedelec oder den elektresche Scooteren ass de Betrag verstänneg a passend wat bei den elektreschen Autoen awer net de Fall ass. An den Aen vum ACL ass et net ze verstoen, wisou kleng Gefierer déi selwecht Subside kréien, wéi beispillsweis grouss SUV’en, wou de Keefer net op eng finanziell Hëllef ugewisen ass.

Schonn am Februar hat den Automobilclub virgeschloen d’Primme no de Kategorien a Gamme vun Auto opzedeelen, sou datt en elektrescht Gefier och fir Leit, mat méi klenger Paie a Fro kënnt.

Dës weidere freet de ACL sech, wisou d’Kaf-Frist beim 31. Mäerz 2021 läit, och wann d’Delaie fir d’Produktioun vun elektresche Gefierer sech duerch déi sanitär Kris ausgedeent huet. Besonnesch d’Offer vun Autoe vu méi niddrege Gammen, déi awer och méi bezuelbar sinn, gëtt eréischt an den nächsten zwee bis dräi Joer ausgebaut. Fir en nohaltegen Effekt ze garantéieren an de Konsument ze berouege sollten d’Primmen iwwert puer Joer bestoen.

Et gëtt nach méi Kritik

Wa méi elektresch Gefierer zu Lëtzebuerg fueren, da mussen och d’Kapassitéiten un Opluedestatiounen ausgebaut ginn. Nach an dësem Joer sollen 800 ëffentlech Statiounen installéiert ginn, bis ewell zielen mir awer mol keng 400 Stéck fir en Total vun 5.662 E-Gefierer, déi elo schonn duerch d’Land fueren. Och fir Persounen, déi an engem Appartement wunnen, huet d’Regierung näischt virgesinn, sou datt si hiert Gefier opluede kéinten.

Dobäi kënnt dem Energieminister Claude Turmes seng Ausso zur Zukunft vun de Fuerparke vun Entreprisen, déi haaptsächlech elektresch soll ausgesinn. Hei huet e weder grouss nogeduecht, nach gouf ee konkret. Zuelräich Grënn géife och Spezialisten aus dem Secteur zum Entschloss bréngen, datt et sech bei dëser Iwwerleeung ëm eng Utopie handelt. Och hei mussen ënnert anerem weider Opluedestatiounen installéiert ginn, déi elektresch Gefierer mussen disponibel sinn, ëm zwee Drëttel vun den Notzer wiere Grenzgänger, déi wäit Strecke fueren géifen. Et gi vill oppe Froen, déi een als éischt emol beäntwere sollt.

Elektromobilitéit

© Samuel Foster / Unsplash

Mat Videokonferenzen hunn d’Spezialiste vun der Mobilitéit, wéi beispillsweis d’FIA (International Auto-Federatioun), Automobilclibb an Experten zesummegesat, fir d’Problemer vun der Mobilitéit no der Pandemie ze diskutéieren. Fir si stoung kloer fest, datt d’Prioritéit net bei elektresche Fortbeweegungsmëttel, mee éischter bei präiswäerten individuelle Gefierer misst leien, sou datt de Virus sech net am ëffentlechen Transport ausbreet.

Et ass ee sech bewosst, datt de Verkaf vun zweeriedrege Gefierer an Occasioune klëmmt, wëll d’Kafkraaft duerch d’Kris erofgaangen ass. Als Konsequenz dovunner, datt méi Occasiounen op der Strooss fueren, klammen och d’CO2-Emissiounen nees. D’Stocken un onverkafte Gefierer sinn duerch d’Kris gewuess, wouduerch déi ganz Chaîne gesteiert gëtt. Dorënner leiden och lokal Garagisten a Verkeefer.

Doduerch kënnt d’Fro op, ob et net méi sënnvoll wier, als éischt d’Vente vun neie Gefierer ze stimuléieren – egal op mat normalem Kraaftstoff, Hybrid oder elektresch – amplaz eleng elektresch Gefierer ze fërderen, déi an den nächste Méint a limitéierter Stéckzuel disponibel sinn?

Den ACL bedauert schonn zënter der leschter Pressekonferenz Enn Februar, datt d’Regierung onofhängeg an onrealistesch Moossnamen fir de Secteur trëfft, déi concernéiert Acteuren a Spezialisten aus dem Beräich awer net an d’Decisiounen abezitt.

Opmaacherbild: © NeONBRAND / Unsplash

Related topics ACL, Automobilclub, Delai, Elektromobilitéit, Hybrid, Pandemie, Präis, Primm, Vëlo, Wirtschaftskris
Next post Previous post