Search

You may also like

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen
Neiegkeeten

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen

D’Doudesaffer hunn zu Lëtzebuerg en historesche Minimum erreecht: Et gouf

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 19. bis de 25. Abrëll
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 19. bis de 25. Abrëll

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?
Neiegkeeten

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?

Meng Landwirtschaft begréisst, datt mam Bioaktiounsplang an der Ernennung vun

Alles Guddes un d’Prinzessin Alexandra!

Alles Guddes un d’Prinzessin Alexandra!

Haut virun 30 Joer ass d’Prinzessin Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine, Prinzessin vu Lëtzebuerg a vun Nassau a Bourbon-Parme an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d’Welt komm. Do wënsche mir alles Guddes fir de Gebuertsdag!

D’Prinzessin Alexandra ass dat véiert Kand an déi eenzeg Duechter vun der groussherzoglecher Koppel. Zënter 2009 dréit si den Uerde vum Lion d’Or vum Haus Nassau. Besonneschen Interessi weist si an der Literatur an um Reesen an aner Länner, fir esou verschidde Kulturen a Sprooche kennenzeléieren.

Eng weider Begeeschterung kënnt am Beräich Politik op. Kee Wonner also, dass d’Prinzessin Alexandra Psychologie a Sozialwëssenschaften an Amerika, an uschléissend Philosophie mam Schwéierpunkt Ethik an Anthropologie studéiert huet. Hiren Ofschloss huet si am Trinity College zu Dublin gemaach an zënter 2017 huet si e Master an den interreliéise Studie vun der Irish Schoold of Ecumenics an der Spezialiséierung Konfliktléisung.

Nieft hiren Erfarungen am journalistesche Beräich am Noen Osten engagéiert si sech al Benevole an der Flüchtlingshëllef. Souwuel bei der Lëtzebuerger Déiereschutzliga, wéi och bei der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung huet si den Haut Patronage iwwerholl.

Méi zur Prinzessin Alexandra gidd Dir op monarchie.lu gewuer.

Opmaacherbild: © Cour grand-ducale / Lola Velasco

Related topics 30. Gebuertsdag, Alles Guddes, eenzeg Duechter, Konfliktléisung, Kultur, Politik, Prinzessin Alexandra
Next post Previous post