Search

You may also like

Politiker geréit a juristesch Turbulenzen an zitt d‘Handbrems
Neiegkeeten

Politiker geréit a juristesch Turbulenzen an zitt d‘Handbrems

D‘Virwërf géint de gréngen Député-Maire vun Déifferdeng schéngen hir Berechtegung

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung
Neiegkeeten

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung

Cargolux freet sech matdeelen ze dierfen, datt si elo och

No der Kris ass virun der Kris
Neiegkeeten

No der Kris ass virun der Kris

An der Chamber hat et ee Mëttwoch eng Rei „Aktualitéitsstonne“

E wichtege Schrëtt zur Prise en Charge vu Psychotherapien

E wichtege Schrëtt zur Prise en Charge vu Psychotherapien

Wann déi mental Gesondheet leit, ass d’Ënnerstëtzung duerch eng Psychotherapie wichteg. Mam groussherzogleche Reglement vum 12. Februar 2021 ass eng wichteg Etapp gemeeschtert ginn, fir dass d’Käschte vun de Prestatioune vu Psychotherapeuten vun der Krankekeess iwwerholl ginn. Domat ass d’Relatioun tëscht der CNS an dem representative Gruppement vun de Psychotherapeuten (FAPSYLUX) festgehalen.

Op kuerz Siicht erméiglecht d’Reglement et, d’Ausschaffung zur Nomenclature weiderzeféieren fir esou den Handlungsberäich ze bestëmmen an d’Prise en Charge vun der Versécherung ze garantéieren. Esou sinn d’Psychotherapeuten laut dem Artikel 2 gebieden, der Krankekeess iwwert e Formulaire déi noutwenneg Renseignementer vum Etablissement anzereechen.

Nodeems béid Parteien laang keng Eenegung fanne konnten, gouf am November 2019 gouf en Avant-Gesetzesprojet vum Regierungsrot ugeholl, wouzou et am November 2020 en Avis vum Staatsrot gouf.

Dat groussherzoglecht Reglement kënnt Dir HEI fannen.

Opmaacherbild: © Priscilla du Preez / Unsplash

Related topics CNS, FAPSYLUX, groussherzoglecht Reglement vum 12. Februar 2021, Krankekeess, Mental Gesondheet, Prise en Charge, Psychotherapie
Next post Previous post