Search

You may also like

E puer konkret Fuerderunge fir den Educatiounsminister
Neiegkeeten

E puer konkret Fuerderunge fir den Educatiounsminister

An engem gemeinsame Communiqué vun de Gewerkschaften a Studentevertriedunge gëtt

De Syvicol ass nees gutt opgestallt
Neiegkeeten

De Syvicol ass nees gutt opgestallt

Beim Syvicol (Syndikat vun de Gemengen a Stied) kuckt een

Police: De Minister Kox huet 5 nei Membere vereedegt
Neiegkeeten

Police: De Minister Kox huet 5 nei Membere vereedegt

Gëschter huet den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, 5

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung

Leschten Dënschdeg, ass op der Cour d‘Appell zu Lëtzebuerg, e Mann deen der Vergewaltegung beschëllegt ginn an, no enger éischter Veruerteelung an Appell gaangen ass, zu engem Joer feste Prisong condamnéiert ginn. An 1. Instanz war de Beschëllegten zu 6 Joer Sursis veruerteelt ginn.

Beschëllegt gouf den 30 järegen Inder vu sengem Patron. Hien hätt sech un de Meedercher am Alter vun 12 a 16 Joer vergraff. Den Affekot vum Bekloten, Pierre-Marie Knaff, hat de Fräisproch plaidéiert, an argumentéiert, datt den Dossier „eng Montage“ wier, déi eenzeg dem Zweck dénge sollt, den Employé deen „illegal“ beschäftegt gi war, an dat denoncéiert huet, ze bestrofen

D‘Verdeedegung huet zudeem d‘Argument ugefouert, datt wann ee schëlleg ass, gëtt ee sech mat de sechs Joer op Sursis zefridden. Wann een awer esou eng Entscheedung net akzeptéiert, da wier een onschëlleg. Esou zumindest huet den Escher Affekot den Appell vu sengem Client begrënnt.

Et wier eng „Revanche“ vum Kläger, géintiwwer sengem „Employé“, deen et dach tatsächlech gewot hat, fir seng Rechter ze kämpfen an anzetrieden. Et ergëtt sech dann och unhand der Enquête, datt zwee Deeg iert de Papp vun de Meedercher seng Plainte agereecht huet, de Beklote bei der Police eng Plainte gemaach hat, well säi Patron sech net un d‘Aarbechtsrecht gehalen hätt.

De Plaidoyer huet net iwwerzeegt

Richteg ass, datt de Patron am Mäerz 2017, an dëser Saach zu 18 Méint Prisong mat Sursis condamnéiert gouf, an och eng zolidd Geldstrof (12.000 Euro) ze berappen hat. Dorops hin soll de Patron no engem Wee gesicht hunn, dësen onerwënschte Mataarbechter aus dem Land ze kréien.

De Beschëllegten, deen aacht Méint an Untersuchungshaft verbruecht huet, bleift bei senger Ausso, Onschëlleg ze sinn, déi him virgeworf Doten ni begaangen ze hunn. D‘Vertriederin vun der Uklo huet dem Affekot entgéintgehalen, datt d‘Aussoe vun de Meedercher „circonstanciéiert, prezis an onverännerlech“ sinn. Si huet vum Geriicht gefuerdert, datt d‘Uerteel an 1. Instanz bestätegt gëtt.

Woubäi hei d‘Faiten, déi dat jéngst vu béide Meedercher betreffen, sollten zréckbehale ginn, mee de Bekloten, vun den Infraktioune géintiwwer dem 16 järege Meedche soll fräigesprach ginn. De Mann muss elo an de Prisong, an d‘Zivilparteien entschiedegen.

Related topics Geldstrof, Geriicht, Kanner, Prisong, Vergewaltegung
Next post Previous post