Search

You may also like

Feier zu Iechternach: 80 Pompjeeë kämpfe géint d’Flamen!
Neiegkeeten

Feier zu Iechternach: 80 Pompjeeë kämpfe géint d’Flamen!

Wéi de CGDIS iwwert Twitter matgedeelt huet ass et um

Denkt drun iech géint d‘Gripp ze impfen
Neiegkeeten

Denkt drun iech géint d‘Gripp ze impfen

Et ass November an schonn an esou muncher Entreprise huet

D’Escher Gemeng an d’Seniorefeier 2018
Neiegkeeten

D’Escher Gemeng an d’Seniorefeier 2018

Vum 19. bis den 30 November organiséiert d’Stad Esch-Uelzecht nees

D’Sécherheet a privat Hänn geluecht: D’Stad Lëtzebuerg erkläert sech

D’Sécherheet a privat Hänn geluecht: D’Stad Lëtzebuerg erkläert sech

Gëschter hat sech déi Lénk Stad explizit driwwer opgereegt, datt si iwwert d’Medien de Message iwwermëttelt kruten, datt d’Stad Lëtzebuerg eng privat Sécherheetsfirma an de Garer Quartieren, sou wéi an der Uewerstad patrulléiere loosse wëll. Och d’Piraten hunn nogeschoss an, selwecht wéi eise Chefredakter a sengem Editorial, besonnesch kritiséiert, datt „d’Sheriffen“ keng unerkannt Formatioun hunn. Schliisslech huet sech d’Stad Lëtzebuerg mat e puer Detailer zu Wuert gemellt.

Fir géint d’Gefill vun Onsécherheet unzekämpfen, huet d’VDL decidéiert verschidde preventiv Moossnamen ze ergräifen. Vum 1. Dezember 2020 bis den 31. Januar 2021 soll eng privat Sécherheets- an Iwwerwaachungsfirma der Police ënnert d’Ärem gräifen, ouni dobäi de Beamten hire Kompetenzberäich ze iwwerschreiden, respektiv si ze ersetzen.

Geplangt ass, datt 2 Ekippen mat jeeweils 2 Agenten an Hond d’Gare duerchsträifen, wärend eng aner Ekipp mat zwee Agenten an Hond an der Uewerstad fir d’Sécherheet vun de Bierger suerge soll.

Der Buergermeeschtesch Lydie Polfer no, géif ee schonn zënter Joren mat private Sécherheetsfirmen zesummeschaffen, dat ënnert anerem am Park an um Chrëschtmaart. D’Onrou an déi negativ Kritik ka si soumat net novollzéien. D’Situatioun op der Gare hätt sech schliisslech net zum besseren gedréit. Grad den Drogenhandel an d’Kriminalitéit op de Stroossen ass zu engem immense Problem ginn a suergt bei de Stater Awunner fir en onséchert Gefill.

D’Kritik säitens der Oppositioun, sou wéi och vum Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox läit doran, datt just d’Police duerch d’Gesetz am Recht ass, de Gewaltmonopol zu Lëtzebuerg auszeüben. Doduerch hu si och déi néideg Kenntnisser, wéi si virgoe sollen.

Nieft der privater Sécherheetsfirma gëtt ab dem 15. Dezember de Preventiouns- a Mediatiounsservice „A vos côtés“ agesat. Dobäi wäerte 6 Memberen visibel Presenz op der Gare weisen, d’Residenten aktiv begleeden, d’Roll vum Mediateur iwwerhuelen, dobäi enk mat der Police a Streetworker zesummeschaffen.

Opmaacherfoto: © Dmitriy Nushtaev / Unsplash

Related topics Bannenzeg Sécherheet, Chrëschtmaart, Drogenhandel, Garer Quartier, Kriminalitéit, Kritik, Lydie Polfer, Park, Police, Privatiséierung, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg, Uewerstad, VDL
Next post Previous post