Search

You may also like

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
Meenung Neiegkeeten

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

„Living and Loving“ vum Fred Barreto Group – Well d’Liewen an d’Léift zesumme gehéieren
Meenung Neiegkeeten

„Living and Loving“ vum Fred Barreto Group – Well d’Liewen an d’Léift zesumme gehéieren

Mat der Single „Living and Loving“ bitt de Fred Barreto

Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren
Meenung Neiegkeeten

Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren

Um Freideg huet den Donald Trump e Gesetz ënnerschriwwen, mat

Privat Sécherheetsdéngschter op der Stater Gare

Privat Sécherheetsdéngschter op der Stater Gare

D’ADR huet ëmmer nees op déi schlecht Sécherheetssituatioun op ville Plazen am Land opmierksam gemaach, dorënner och am Garer Quartier an der Stad. Si huet an der Chamber besonnesch och d’Drogeproblematik zur Sprooch bruecht, a si huet den offensichtlechen Onwëlle vun der Regierung ugeprangert, fir géint déi organiséiert Kriminalitéit virzegoen. Ganz dacks sinn d’Drogendealer Migranten aus verschiddenen afrikanesche Länner, déi illegal hei zu Lëtzebuerg sinn.

De Stater Schäfferot huet elo decidéiert, fir eng privat Sécherheetsfirma ze beoptragen, Patrullen mat Hënn op der Gare ze organiséieren, fir op dës Manéier de Leit méi Sécherheetsgefil ze ginn an d’Police indirekt ze ënnerstëtzen. D’ADR begréisst grondsätzlech all Initiativ, déi dozou ka bäidroen, d’Sécherheet ze verbesseren, an dréit also och dës Decisioun vum Stater Schäfferot mat. Well esou eng privat Firma awer natierlech keng Polizeikompetenzen huet, ass hir Presenz wuel sënnvoll, awer nëmme vun ageschränktem Wäert. D’ADR versteet also net déi negativ Reaktioun vum Policeminister Henri Kox.

Fir d’ADR weist dëse Sträit, datt tëschent der DP, déi de Stater Buergermeeschter stellt, an deene Gréngen, déi de Policeminister stellen, grouss Differenzen an e Manktem u Vertraue bestinn. D’ADR freet sech, a wéi wäit dëse Sträit sech op d’Kohärenz vun der Regierungskoalitioun kann auswierken?

Wann dee grénge Policeminister Kox, respektiv säi Virgänger Bausch an den LSAP-Immigratiounsminister Asselborn déi iwwerfälleg Moossnamen am Interessi vun der ëffentlecher Sécherheet geholl hätten, hätt d’Stad Lëtzebuerg elo net missen op privat Sécherheetsleit zeréckgräifen.

Der ADR hir Positioun ass jiddefalls kloer. Si fuerdert:

  • en decidéiert Virgoe géint d’Kriminalitéit, besonnesch och géint d’Drogekriminalitéit;
  • eng Legislatioun déi et erlaabt all illegal Presenz vu Migranten op eisem Territoire effizient z’ënnerbannen;
  • méi Personal, legal Kompetenzen a Moyene fir eis Sécherheetsorganer, besonnesch och fir d’Police;
  • eng effikass Justiz.

Matgedeelt vun der ADR – D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: © Liam Tucker / unsplash

Next post Previous post