Private Laboratoire besuergt iwwer aggressiivt Verhalen

De private Gesondheetsdéngschtleeschter KetterThill – dee seng Filial um 46 Garer-Avenue fir den Ament zougemaach huet – huet an engem Communiqué matgedeelt, datt hir Mataarbechter ëmmer méi den Aggressioune vun därege Clienten ausgesat wieren. Dat besonnesch am Kontext vun den zertifiéierte Covid19-Tester. Dobäi hätt de Laboratoire alles gemaach fir de Leit entgéintzekommen.

Si deele weider mat, datt si sech ganz vill méi ginn, d‘Ëffnungszäiten un d‘Besoine vun de Leit unzepassen, an esou och d‘Ekippe verstäerkt hätten. Doriwwer eraus, wieren an alle Filialen nach Affichen opgehaange ginn, fir d‘Leit ze sensibiliséieren. Dat betreffend d‘Gest Barrière, an déi verschidde Modalitéiten zu de PCR-Tester. Och op hiren Internetsäite géif maximal Informéiert.

Elo denoncéiert dëse privaten Acteur vum Gesondheetswiesen, déi ëmmer méi heefeg optriedend Aggressivitéit géint d‘Infirmieren, Sekretären a Biologen. Dës géifen andauernd verbal ugegraff ginn an et keim mëttlerweil och zu Handgräiflechkeeten. D‘Direktioun vu KetterThill denoncéiert dës Virgoensweis, bei där et anscheinend just ëm d‘Organisatioun geet déi d‘Leit net unhuelen.

D‘Direktioun vu KetterThill insistéiert a betount, datt hiert Fachpersonal voll a ganz mobiliséiert wier, fir den Demanden, Besoinen an eventuellen Ängschte vun de Leit professionell an mat vill Empathie ze begéinen. Als Géigeleeschtung – also ausser dem Geld fir den Test – erwaarden si sech vun de Clienten eppes Respekt a Versteesdemech. Hir Leit ginn elo psychologesch betreit/begleet.

Dernières nouvelles