Search

You may also like

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

[onionbuzz quiz-id=43][/onionbuzz] Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net

Den Trump entléisst säin Ausseminister
Neiegkeeten

Den Trump entléisst säin Ausseminister

Mat engem „kuerzen“ Tweet huet den Donald Trump um Dënschdeg

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?
Neiegkeeten

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?

2018 sinn zu Lëtzebuerg Chamberwahlen an nieft dem Dauerthema „Logement“

Private Sécherheetsdéngscht oder Hëllefssheriff

Private Sécherheetsdéngscht oder Hëllefssheriff

D‘Piraten an der Chamber dinn sech weiderhin eppes schwéier mam Asaz vun de sougenannten „Schwaarzer Sheriffer“, déi d‘Stad Lëtzebuerg besonnesch am Garer Quartier asetzt. Et géif awer dobäi an éischter Linn drëms goen eppes Presenz ze weisen an de Leit nees e Gefill vu Sécherheet ze vermëttelen. Mee och de Minister fir bannenzeg Sécherheet ass net wierklech iwwerzeegt…

Fir den Deputéierte Marc Goergen, dee scho widderholl den zoustännege Minister zu dësem Thema befrot huet: esou Enn November (parlamentaresch Fro 3204) wou an der Äntwert de Minister huet misse confirméieren, net an den Entscheedungsprozess vum Schäfferot agebonne gewiescht ze sinn. Et gouf nach emol (parlamentaresch Fro 3217) nogehaakt, mee déi Äntwert ass net zefriddestellend.

Wéi dunn awer e Freideg de 15. Januar déi Stater Buergermeeschtesch op der Antenn vum privat-ëffentlech-rechtleche Radio erkläert huet, datt privat Sécherheetsbeamten der Police gehollef hätte Leit ze verhaften, an dat wuel och net nëmmen eng Kéier, ass bei de Piraten nees den Alarm lass gaangen. Hat et dach an der Äntwert op den 3217 geheescht:

“Wat d’Fro zu de Befugnisser vun de Sécherheetsagenten ugeet, esou ginn déi net iwwert d’Befugnisser vum normale Bierger eraus.”

An dësem Sënn huet den Deputéierten dann nees nei Froen un d‘Adress vum Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox:

Ass et also engem normale Bierger erlaabt, der Police bei Festnamen ze hëllefen? Falls jo, wéi dierft esou eng Hëllef ausgesinn? Falls nee, wei bewäert de Minister d’Handele vun de Sécherheetsbeamten op der Stater Gare a wéi eng Konsequenze wäert dës Aktioun mat sech zéien?

Huet de Minister Informatioune bei wéi ville Festnamen, een Employé vun der privater Sécherheetsfirma gehollef huet? Wéi hunn déi Hëllefen ausgesinn?

Illustratioun: KeyholdingOnlineUK / Pixabay

Related topics Lydie Polfer, Piraten, Police, privat Sécherheetsdéngschter, schwaarz Sheriffer, Stater Gar
Next post Previous post