Search

You may also like

Jubiläum fir e Genozid
Neiegkeeten Stories

Jubiläum fir e Genozid

Et ass roueg an der Haaptstad vum Ruanda. Een Dag

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!
Neiegkeeten Stories

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!

Et ass elo offiziell: Et kann ee per Bréifwahl seng

Battin „Fruitée“: eng fruuchteg Traditioun
Neiegkeeten Stories

Battin „Fruitée“: eng fruuchteg Traditioun

Liicht a Fruuchteg soll e sinn, de Battin „Fruitée“ an

Privatiséiert Sécherheet: „illegal an onnëtz“

Wann eppes net Rechtens ass, muss dat op appropriéierter Plaz zur Uklo bruecht ginn

Privatiséiert Sécherheet: „illegal an onnëtz“

De Programm „schwaarz Sheriffer“ vun der Stad Lëtzebuerg, schéngt sech an enger Dauerschlauf verfaangen ze hunn. Déi gréng, déi lénk an d‘LSAP stellen zesumme mat der ADR, d‘Oppositioun am Stater Gemengerot duer. Wärend ee beim ADR éischter d‘Approche vum Schäfferot begréisst, sinn déi aner dräi éischter veriergert.

Zanter de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, mëttels enger Konventioun mat GDL Security an de Quartiere Gar a Bouneweg, mee wuel och an der Uewerstad, déi ëffentlech Sécherheet an d‘Hänn vu private Sécherheetsdéngschtleeschter geluecht huet, hänkt an der Märei de Seege schif. Et ass der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot wuel bekannt, datt de Gewaltmonopol beim Staat läit, mee si hätten och d‘Verantwortung fir d‘Sécherheet vun de Leit déi sech an der Stad ophalen.

Eng Sécherheet déi esou wuel net vun der Police kann assuréiert ginn, obwuel säitens dem Minister fir bannenzeg Sécherheet d‘Moyenen op de Brennpunkten an der Haaptstad konsequent erhéicht gi wieren. Dat gëtt allerdéngs dann nees vun der Policegewerkschaft SNPGL eppes relativiséiert. Elo huet awer och de Minister fir bannenzeg Sécherheet net wierklech eng „Léisung“ parat a kann esou och ausser „knouteren“ net wierklech géint den hei geschlossene Vertrag mat GDL virgoen.

Änlech ergeet et der Inneministesch, déi wuel och festgestallt huet, datt den Asaz – esou wéi vun der Stad Lëtzebuerg gewënscht – géint geltend Recht verstéisst. Wann dann elo jiddereen sech drop verstännegt huet, datt den Asaz esou wéi mandatéiert „illegal“ ass, firwat leeft alles einfach esou weider? Dat huet esouwuel mat Gemengenautonomie wéi juristeschem Onverméigen ze dinn. Hei wiere Verwaltungsgeriicht a Verfassungsgeriicht gefuerdert, an déi brauche Jore fir ze tranchéieren.

Zu Standpunkt vum „GIP“

Elo hunn sech also déi gréng, déi lénk an d‘LSAP an engem „groupement d‘intérêt politique“ (GIP) zesummefonnt, fir géint dës Moossname virzegoen. Gëschter gouf sech dann an enger gemeinsamer Pressekonferenz zu diverse Punkte positionéiert. Den Ufank huet de Guy Foetz (déi lénk) gemaach. Scho mam 1. tëscht der Stad a GDL geschlossene Vertrag hätt ee géint geltend Recht verstouss..

Hie stellt do fest, datt an dësem festgehale gouf, datt d‘Agenten eng „aktiv a liesbar Preventioun am ëffentleche Raum“ assuréiere sollen. Eng Missioun déi am Wuertlaut däitlech iwwert déi de private Sécherheetsentreprisen attribuéiert Kompetenze leien. Deen eenzegen deen d‘Sécherheet am ëffentleche Raum assuréiere kann ass de Staat, an dofir gëtt et bekanntlech d‘Police an d‘Justiz.

Dofir géif et elo een neie Vertrag, an deem däitlech stipuléiert gëtt, datt d‘Missioun vun de privaten Agenten, den Objektschutz ass. Dat bréngt dem Schäfferot eppes Rechtssécherheet, woubäi um Terrain selwer, den Optrag vun de schwaarze Sheriffer sech net verännert hätt. Et géif grad weider gemaach. Fir de Guy Foetz gëtt hei ganz bewosst de Rechtsstaat a seng Institutiounen a Fro gestallt.

Zudeem géif hei de Leit eng falsch Sécherheet vermëttelt. De Mënschen an de betraffene Quartiere wëlle wäiss maachen, datt et „einfach“ wier sech de Problemer unzehuelen, woubäi domadder just d‘Gefill vu Sécherheet gemengt ass, wier ee grousse Feeler. Zudeem hätt dëse Vertrag/Konventioun dem Gemengerot missen zum Vott virgeluecht ginn, deen iwwert Sécherheet a Salubritéit befënnt.

Dat ass richteg, a gëtt esou och an den Artikele 17 & 18 vum kommunale Gesetz festgehalen. Hei huet also de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot, géint ee Gesetz verstouss? Wann deem esou ass, firwat hunn d‘Parteie vum GIP da keng Plainte bei der zoustänneger Instanz agereecht? Dozou heescht et, datt esou eng Prozedur ee vill ze laangwierege Prozess wier…

All Mëttel si Recht

Fir den Tom Krieps (LSAP) ass déi ganz Sécherheetscampagne politesch motivéiert firwat hien dann och festhält, datt net wëll elo schwaarz Sheriffer mat Hand duerch d‘Gaasse stolzéieren, an esou zumindest de Commerçanten e Gefill vu méi Sécherheet vermëttelen, déi Prozedur am Aklang mat der bestoender Legislatioun ass. D‘Stad awer hätt sech un Gesetz a Verfassung ze halen.

Dem Tom Krieps seng Parteifrëndin an Inneministesch, huet jo längst bestätegt, datt Missiounen déi eenzeg vun der Police ze erfëlle sinn, net enger privater Entreprise kënnen zougeschoustert ginn. Et wier nach net emol zoulässeg, esou Missiounen u kommunal Agenten (Pecherten) ze iwwerdroen. Dat ass gesetzlech net méiglech, an eenzeg d‘Police huet de Gewaltmonopol. Eigentlech einfach ze verstoen, politesch allerdéngs net ze konterkaréieren. An eng Prozedur aleede well jo och keen.

Nodeems dann awer d‘Ministere Kox a Bofferding beim Schäfferot intervenéiert hunn, ass de Vertrag tëscht der Stad a GDL nei formuléiert ginn. Elo heescht do, datt d‘Agenten zum „Schutz vun den ëffentleche Plazen an de Parken“ agesat ginn. De GIP denoncéiert allerdéngs, datt dat just um Pabeier steet, an der Praxis allerdéngs, ganz „normal“ weidergeschafft géif ginn. Dat gouf dann och esou, zesumme mat enger Rei Léisungsvirschléi an enger Motioun zesummegefaasst.

Dës gouf an der Gemengerotssëtzung gëschter Owend allerdéngs vun der Majoritéit zügeg an ouni Widderried „klasséiert“. D‘Intervenanten hunn och drop higewisen, datt si vill Mesuren, déi de Schäfferot am Kontext vun der Preventioun an dem Ëmgang mat der Drogeproblematik geholl huet stäipen. Op eng méi tolerant Drogepolitik allerdéngs duer geet d‘Kriminalitéit ze verréngeren?

Randnotiz: „D‘Rapporte vun der GDL“

Aus der Motioun vun déi gréng, déi lénk an LSAP geet ervir, datt déi privat Sécherheetsfirma GDL Security, wéi am Vertrag/Konventioun festgehalen, ëmmer seng Rapporten un de Schäfferot weider gereecht huet. Beim duerchfuersche vun dëse Rapporten (Zäitraum 1. Dezember 2020 – 31. Januar 2021) hunn d‘Intervenanten eegen Aussoen no, och net schlecht gestaunt. Si stellen hei fest datt GDL sech zu kengem Ament an de vum Gesetz definéierte Jalonen opgehalen hunn, an dat well aus de Rapporten ervirgeet:

  • den effektiven Exercice vun der Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum duerch Agente vun enger privater Sécherheetsfirma;
  • et minutiéis Observatioune vu Persoune ginn huet, dat mat ganz preziser vum Standuert (z.Bsp. 4 Obdachloserop dëser Plaz, en Heeschert op där Plaz, 3 Drogenofhängeger an dësem Gank vun engem Geschäft…)
  • et zu enger ethnesch bezunne Profiléierung komm ass (esou sollen Individuen als Typ „Magrébin“ / Nordafrikaner / Afrikaner an de Berichter bezeechent gi sinn);
  • et sinn och Nummereschëlter vu Gefierer an der Groussgaass opgeschriwwe ginn, eng Kéier wier en Automobilist no sengem Attest zirkuléieren ze dierfe gefrot gi sinn;
  • et soll reegelméisseg zu Aktioune komm sinn, wou Obdachloser/Drogenofhängeger aus den Entréeë vu Residenze verdriwwe gi sinn, dat zuweilen och duerch den Asaz vun den Hënn (hei deels ouni Maulkuerf)

Esouwäit zu de Missiounen, déi sech – wéi am Artikel enoncéiert – och mat der Vertragsännerung faktesch net geännert hätten. Et heescht awer, datt elo net méi fir all Dag ee Rapport erstallt gëtt, mee nach just e „Resumé“ pro Woch virgeluecht gëtt. Et ass jo eppes méi einfach an der Synthees, gewësse „Punkten“ ze neutraliséieren. Bleift oppen: d‘Fro no der Verantwortung am Fall „wou“.

Bedenklech ass awer och de Constat, datt wann ee sech dohinner stellt fir eng „illegal“ Aktioun ze denoncéieren, et net wierklech hëllefräich ass sech drop ze stäipen, datt ee vun „esou enger Mesure“ ofgesäit, well déi vill ze vill Zäit an Usproch hëlt, a bis et ofschléissend gekläert ass, längst alles nees gekläert wier. En Uerteel kéim deemno ze spéit fir déi aktuell Situatioun ze berengegen.

Dat awer stéisst mam Virworf vun der „Illegalitéit“ an dem „Verstouss géint d‘Verfassung“. Also entweder et ass illegal a verfassungswiddereg, da brauch eng Instanz déi duerchgräift; oder et geet hei just drëms ze demonstréieren, datt ee wuel veriergert ass, engem awer an der Finalitéit d‘Hänn gebonne sinn. A béide Fäll géif dat ee grave verstouss géint d‘Rechtsstaatlechkeet duerstellen.

Foto: (vlnr) Christa Brömmel (déi gréng), Tom Krieps (LSAP) a Guy Foetz (déi lénk) © Martine de Lagardère/moien lu

Related topics déi gréng, déi lénk, Illegal, LSAP, privat Sécherheetsdéngschter, Stad Lëtzebuerg, Verfassung
Next post Previous post