Search

You may also like

D‘Regierung vernoléissegt de Schutz vun de Beschäftegten op der Aarbechtsplaz
Neiegkeeten

D‘Regierung vernoléissegt de Schutz vun de Beschäftegten op der Aarbechtsplaz

Zanter dem Ufank vun der Pandemie hunn déi Lénk ëmmer

Italien: Schlecht Aussiichte fir d‘Feierdeeg
Neiegkeeten

Italien: Schlecht Aussiichte fir d‘Feierdeeg

Et war eng onüblech Zäit, déi sech den italienesche Regierungschef

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter
Neiegkeeten

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA)

Keng Privatiséierung vum ëffentleche Gesondheetswiesen

Keng Privatiséierung vum ëffentleche Gesondheetswiesen

Nodeems d‘Presidente vun der Verwaltungsréit vun de véier Spidol-Zentren zu Lëtzebuerg d‘Iddi opgeworf hunn eng nei Asbl ze grënnen, dat mam Zil e Konzept vun enger zentraler Infrastruktur auszeschaffen, déi besser opgestallt wier, fir op Pandemien ze reagéieren, an déi och déi national Logistik déi deem unhänglech ass, kënnt nees de Gedanke vun der Privatiséierung op.

Hei dierf een ënnersträichen da vill Acteuren aus dem Versécherungssecteur a schonn am Ausland etabléiert „Gruppen“ oder Konzerner längst dës Fuerderung opgestallt hunn. Dat gëtt net grouss an der Ëffentlechkeet diskutéiert, mee et besteet ee grousst Interessi, sech der Kou, der Mëllech an der Mëllechfra an dësem Kontext habhaft ze maachen. Schliisslech gëtt et hei genuch Geld ze huelen.

Den OGBL hat dann och aus dësem Grond eng Entrevue mat der Gesondheetsministesch, Paulette Lenert (LSAP) wou nieft dëser Propose vun de Spideeler, och iwwert d‘Organisatioun vum engem nationale Stock u Schutzmaterial geschwat ginn ass. Bei dëser Geleeënheet huet den OGBL nach emol virun enger Auslagerung an de Privatsecteur, vun den ëffentleche Prestatioune gewarnt.

Si hunn hei nach emol op déi gréisser Problemer higewisen, déi esou ee Schratt onweigerlech mat sech bréngt: schlechte Loun a miserabel Aarbechtskonditiounen, wéi och eng finanziell ofhängeg Qualitéit vun den Déngschtleeschtungen. Wéi ee privatiséierte Gesondheetssystem ausgesäit, gëtt säitens den Amerikaner op eng éischter erschreckend Aart a Weis vermëttelt. Dat wëll hei keen.

Wéi heescht huet d‘Ministesch hei Faarf bekannt an eng Privatiséierung vum Gesondheetswiesen zu Lëtzebuerg ausgeschloss. Weider heescht et, datt d‘Paulette Lenert och erkläert huet, datt si den Zweck vun der proposéierter Asbl begrenze wëll. Eenzeg d‘Gestioun vum nationale Stock vum Schutzmaterial, wéi och enger limitéierter Medikamentelëscht an Dispositiver fir de Krisefall.

Zur Schafung vun engem epidemiologesche Spidol esouvill: d‘Ministesch an d‘Regierung wieren esou engem Projet net ofgeneigt, mee esou eppes léisst sech net iwwer Nuecht realiséieren. Hei muss och beduecht ginn, datt wärend enger Pandemie déi „aner“ Spideeler jo awer och nach gebraucht ginn, besonnesch wann ee Patient multipel Pathologien Opweises huet. Ass net einfach…

Illustratioun: © Brandon Holmes / unsplash

Related topics Gesondheetsministesch, Gesondheetssystem, OGBL, Paulette Lenert, Privatiséierung, Spideeler
Next post Previous post