Search

You may also like

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht
Neiegkeeten

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht

Haut den, 18. Mäerz 2021 verhandelt d‘Landesgeriicht zu Berlin iwwert

De Syvicol ass nees gutt opgestallt
Neiegkeeten

De Syvicol ass nees gutt opgestallt

Beim Syvicol (Syndikat vun de Gemengen a Stied) kuckt een

surprise
Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana
Neiegkeeten

Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana

Am Kader vun der Konventioun zur grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht (26. Januar

Privatiséierung vum Enseignement

Eigentlech well an der Regierung keen sech mam Vollek driwwer ënnerhalen, mee elo muss et sinn

Privatiséierung vum Enseignement

Datt eisen ëffentlech-rechtlechen Enseignement och schonn emol besser war, a wien sech et leeschte kann, seng Krapperten an enger Privatschoul ënnerbréngt, dat ass nu emol Fakt. Et schéngt dann och nach um politesche Wëllen ze feelen, déi ëffentlech Schoul esou opzestellen datt ee motivéiert ass, awer dëser Institutioun d‘Zukunft vun den eegene Kanner unzevertrauen.

Aus dem vun der ACEN, ALPIA, APESS, SEW-OGBL, OGBL-Jugend an der UNEL rezent an de Medie verëffentlechtem oppene Bréif, ass tëscht den Zeilen ze enthuelen, datt déi neoliberal Schoulpolitik engersäits, déi awer méi generell Verknäppung vum Privatsecteur mam ëffentlechen Déngscht, anersäits System huet. Och bei der CGFP ass een iwwert des Entwécklung net erfreet.

Mee et hunn net nëmme Gewerkschaften, Studenten- an Elterevertriedungen sech zolidd doriwwer geiergert, datt den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) de Poste vum Schouldirekter fir Leit aus dem Privatsecteur wollt opmaachen, och an der Oppositioun trëfft dat Ganzt net op déi grouss Zoustëmmung, firwat den Educatiounsminister säin drolege Gesetzprojet emol zeréckgezunn huet.

Hei läit d‘Betounung op „zeréckgezunn“. Den Text ass nach laang net vum dësch, a wat bei IFEN a SCRIPT, wéi och esou munch anere Plaz, ganz labber duerchgezu gouf, wäert sech hei och nach duerchsetze loossen. Et brauch de richtegen Zäitpunkt, am beschten där een, wou d‘Leit mat anere Suerge beschäftegt sinn oder den Interêt un dësem schonn eppes quokelege Sujet verluer hunn.

Méi däitlech: de Gesetzprojet 7662 soll nach emol an der Kommissioun beroden a méiglecherweis „ëmformuléiert“ ginn. Dat huet eng Persoun genee esou verstanen an net laang gezéckt. D‘Ana Pinto huet eng Petitioun (1717) agereecht, déi de Moien um 11 Auer 4.626 Ënnerschrëften erhalen hat. Et muss also zum Debat an der Chamber kommen. Dat dierft wéineg Freed ausgeléist hunn…

Illustratioun: Wann een d‘Informatik schonn un US-Konzerner vergëtt an sech d‘Examensfroe bei friemen Entreprisen (inklusiv Bewäertung/Korrektur) akeeft, da sollt et och méiglech sinn, dësen direkten Zougang zu de Schouldirektioune ginn. © Windows / unsplash

Related topics Chamber, Claude Meisch, ëffentlech Schoul, Enseignement, Petitioun 1717, Privatschoul
Next post Previous post