Search

You may also like

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
International Money Neiegkeeten

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie

Den Infobus op der Plëss: Fir all Renseignementer a Punkto ëffentlechen Transport
International Money Neiegkeeten

Den Infobus op der Plëss: Fir all Renseignementer a Punkto ëffentlechen Transport

Pünktlech zur Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport am Groussherzogtum huet

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!
International Money Neiegkeeten

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Enn leschter Woch huet déi englesch Police vu Plymouth ee

money

Privatiséierung vum ungaresche Staatsbesëtz

Universitéiten, Energiekonzerner, landwirtschaftlech Flächen, jo esouguer Schlässer, wëll de Viktor Orban a Stëftungen iwwerféieren

Privatiséierung vum ungaresche Staatsbesëtz

Et ass eng interessant Approche, a wann et sech sollt opgoen, dierft dat a ville Länner scho fir ee gewëssent Interessi suergen. De Staatsbesëtz a Stëftunge „vun ëffentlechem Interessi“ ze stiechen, déi da mat Fidesz-Honoratioren ze besetzen… do verbleechen de Jean-Louis Schiltz an den Henri Grethen vu Näid. Sech d‘Muecht „esou“ ofzesécheren… dat nennt ee politesch kreativ sinn.

Zu den „Affer“ vun dëser Enteegnung duerch d‘Fidesz-Faschisten, gehéiert ënnert aneren d‘Schlass Gödöllo, dat knapp 25 Kilometer vun der Haaptstad ofgeleeën ass an der éisträichescher Keeserin Sissi vill soll bedeit hunn. Dëst Schlass ass un eng privat Stëftung verschenkt ginn. Och bei den Universitéite gëtt dëse System ugewannt: d‘Corvinius-Universitéit (Wirtschaft) ass schonn am Juli 2019 un eng privat Stëftung iwwerdroe ginn. Dat huet Folgen, besonnesch betreffend de Programm.

Op der Corvinius-Universitéit ass et och längst net méi de Rektor deen d‘Entscheedungsgewalt zu wiem hei ënnerriichten dierf, an wat op der Uni iwwerhaapt soll ënnerriicht ginn. Zudeem bestëmmt d‘Stëftung och de Budget. Dës politesch Decisioun mécht nëmmen dann och Sënn, wann d‘Fidesz d‘Sécherheet oder d‘Gewëssheet huet, laangfristeg d‘Kontroll bannent dëse Stëftungen ze behalen.

Legal… Illegal… Schäissegal…

Wann de Viktor Orban a seng lëschteg Faschisten hire Stëftungsprogramm ofgeschloss hunn, dann hunn 32 vun der Fidesz kontrolléiert Stëftungen d‘Hand iwwer déi staatlech Institutioune sécher. An et sinn net nëmme Schlässer oder Universitéite betraff. Spideeler, Häfen, Kulturariichtungen an och Energie- a Pharmakonzerner, ginn an de Parteibesëtz iwwer, och wann den Ustrach täusche sollt.

Et ass an dësem Kontext wichteg op eng Rei grondsätzlech Punkten hinzeweisen: 1) Wie Member vun enger Stëftung gëtt bestëmmt d‘Regierung; 2) Member vun enger Stëftung ass een ëmmer op Liewenszäit; 3) All d‘Minister a soss verdéngte Fidesz-Parlamentarier, wéi och respektabel Frënn an Ënnerstëtzer vun der Partei oder ideologesch alliéiert Parteien, sinn eligibel. Dat allerbescht ass allerdéngs, datt keng Regierung méi an der Lag wäert sinn, dëse Besëtz a legitim Hänn ze ginn.

Ganz interessant – well jo Ungarn och eppes op de Fric vun der EU-Kommissioun ugewisen ass – datt de Viktor Orban mat senge Minister, d‘Aktien déi den ungaresche Staat vu Konzerner hält (beispillsweis de Pëtrolskonzern MOL oder de Pharmakonzern Richter) un déi privat Stëftungen „verschenkt“. Ob dat alles Rechtens ass? An engem Rechtsstaat ass grondsätzlech alles Rechtens…

mat indymedia/bud

Illustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Related topics Faschisten, Fidesz, Privatiséierung, Staatsbesëtz, Stëftungen, Ungarn, Viktor Orban
Next post Previous post