Search

You may also like

Zu Wuermer ass de Bankomat gesprengt ginn
Kultur Neiegkeeten

Zu Wuermer ass de Bankomat gesprengt ginn

Et war wuel nees ze laang roueg an iergendwéi zéie

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg

Eise Petitiounssystem huet scho fir flott Diskussioune gesuergt. Och wann

Schutzmaske fir Jiddereen!
Kultur Neiegkeeten

Schutzmaske fir Jiddereen!

Vill Länner hunn an der Tëschenzäit d‘Schutzmaskeflicht agefouert als Moossnam

Prix Servais 2020: Presentatioun vun der Short‐Lëscht

Prix Servais 2020: Presentatioun vun der Short‐Lëscht

All Joer belount de Prix Servais déi bedeitendst literaresch Wierker vum Virjoer. De Jury freet sech, d’Short‐Lëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais 2020 verëffentlechen ze kënnen.

Dozou gehéieren:

  • Pit Hoerold mat In die Augen, in die Ferne, still ins Ohr – 78 Stehplaces Plätzedebout (Lëtzebuerg, Éditions Textîle, 2019)
  • Francis Kirps mat Die Mutationen – 7 Geschichten & 1 Gedicht (Bridel, Hydre Éditions, 2019)
  • Claudine Muno mat Sou wéi et net war (Esch‐Sauer, Op der Lay, 2019)
  • Jean Portante mat Leonardo – Roman (Lëtzebuerg, Éditions PHI, 2019)
  • Lambert Schlechter mat Je n’irai plus jamais à Feodossia (Proseries, Paris, Tinbad, 2019)

Mat der Short-Lëscht wëll de Jury op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen an esou zu der Promotioun vun den Auteuren an hire Wierker bei der Lieserschaft an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen.

Am vergaangene Joer duerft d’Élise Schmit de Präis entgéint huelen. De Laurat/d’Laureaten vum Prix Servais 2020 gëtt/ginn ufangs Juni annoncéiert.

Zum Prix Servais

Zënter 1992 belount de Prix Servais déi bedeitendst literaresch Wierker vum Virjoer. All Joer bestëmmt een onofhängege Jury de Gewënner, deen vun engem Geldpräis vun 6.000 € profitéiere kann.

An dësem Joer besteet de Jury vum Prix Servais aus dem Simone Beck, dem Odile Linden, dem Claude Mangen, dem Pierre Marson, dem Alex Reuter, dem Shari Schenten, dem Aimée Schultz an dem Sébastian Thiltgen a steet ënnert dem Virsëtz vum Jeanne E. Gleser.

Opmaacherbild: © Antonio Scalogna / Unsplash

Related topics Claudine Muno, CNL, Fondation Servais, Francis Kirps, Jean Portante, Lambert Schlechter, Laureat, Pit Hoerold, Prix Servais, Short-Lëscht
Next post Previous post