Search

You may also like

E gréngen Ostdeputéierte fir de Logement?
Kultur Neiegkeeten

E gréngen Ostdeputéierte fir de Logement?

Bestätegt ass et wuel nach net, mee den neie Vizepremier

D’N5 kritt en neie Stroossebelag (Aarbechten vum 4.-6.07.2020)
Kultur Neiegkeeten

D’N5 kritt en neie Stroossebelag (Aarbechten vum 4.-6.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt de Stroossebelag vun der N5 (Route de

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!
Kultur Neiegkeeten

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!

Am Kader vun der nationaler Strategie zur Fërderung vum gesonden

Prix Servais 2021: D’Short‐Lëscht ass verëffentlecht!

Prix Servais 2021: D’Short‐Lëscht ass verëffentlecht!

D’Fondation Servais wäert och an dësem Joer nees säi beléifte Literaturpräis verginn. An dësem Kader ass de Jury houfreg, Iech d’Short-Lëscht mat de Buchtitelen an hiren Auteuren vun dësem Joer virzestellen.

  • „wie viele faden tief“ vum Ulrike Bail – Conte Verlag (2020)
  • „Die Lombardi‐Affäre“ vum Guy Helminger – capybarabooks (2020)
  • „The Treasury of Tales“ vum Robert Schofield – Black Fountain Press (2020)
  • „Bluttsëffer – All Fra dréit hire Päckelchen“ vum Jemp Schuster – Édition Imprimerie Centrale (2020)
  • „La Guerre du temps“ vum Jean Sorrente – Hydre Éditions (2020)

Mat der Short-Lëscht wëll de Jury op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen an esou zu der Promotioun vun den Auteuren an hire Wierker bei der Lieserschaft an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen.

Am vergaangene Joer duerft de Francis Kirps de Präis entgéit huelen. De Laurat/d’Laureaten vum Prix Servais 2021 gëtt/ginn Uffank Mee annoncéiert.

Zum Prix Servais

Zënter 1992 belount de Prix Servais déi bedeitendst literaresch Wierker vum Virjoer. All Joer bestëmmt een onofhängege Jury de Gewënner, deen vun engem Geldpräis vun 6.000 € profitéiere kann.

An dësem Joer besteet de Jury vum Prix Servais aus dem Simone Beck, dem Odile Linden, dem Claude Mangen, dem Pierre Marson, dem Alex Reuter, dem Shari Schenten, dem Aimée Schultz an dem Sébastian Thiltgen a steet ënnert dem Virsëtz vum Jeanne E. Gleser.

Opmaacherbild: © Valentin Salja / unsplash

Related topics Auszeechnung, Fondation Servais, Guy Helminger, Jean Sorrente, Jemp Schuster, Literatur, Prix Servais 2021, Robert Schofield, Short-Lëscht, Ulrike Bail
Next post Previous post