Search

You may also like

OPGEPASST: Glasstécker a Kornischonge vun Everyday
Neiegkeeten WTF

OPGEPASST: Glasstécker a Kornischonge vun Everyday

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt sech eventuell

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521
Neiegkeeten WTF

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Als Deel vum “Sonndeg vum Gregorianesche Gesang a Wierder” invitéiert

Forever young … Leider net!
Neiegkeeten WTF

Forever young … Leider net!

Virun e puer Deeg si mir akafe gefuer, mäi Meedche

surprise

Mir loossen et rullen!

Komm och du a fuer einfach mat…

Mir loossen et rullen!

Och dëst Joer luet „Pro Vëlo“ (Lëtzebuerger Vëlosinitiativ) am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch erëm an, zesumme mam Vëlo vun der Mierscher Gar op de Knuedler an der Uewerstad ze fueren.

Notzt och Dier dës Geleeënheet, a fuert den Donneschdeg 17. September mat eis mam Vëlo op d‘Schaff. Loosst eis de Leit zesumme weisen, datt de Vëlo am Alldagsverkéier seng Plaz huet!

Gefuer ginn déi ronn 20 Kilometer vu Miersch an d‘Stad Lëtzebuerg, iwwert d‘Vëlospisten „PC15“ a „PC1“. Wéi all Joers, kënnt Dier op all Punkt vun der Streck „eran“ oder „erausklammen“. Et geet gemälleg a wa een wuel net gutt Wieder ka verspriechen, déi gutt Laun ass assuréiert.

A well esou en Tour duerchaus kann de klengen Honger ervirruffen, ass séchergestallt, datt et um Knuedler fir jiddereen e Croissant an eng Taass Kaffi gëtt. Dëst gëtt vun der Stad Lëtzebuerg fir all d‘Participanten offréiert. Elo braucht dir iech et nach just an ären Agenda anzedroen…

Den Zäitplang:

  • 6.45 Auer: Depart zu Miersch op der Gar
  • 7.00 Auer: Éischt Etapp – Lëntgen
  • 7.15 Auer: Zweet Etapp – Luerenzweiler (Um Site vun „Nei Aarbecht“)
  • 7.35 Auer: Drëtt Etapp – Walfer (Beim Centre Prince Henri)
  • 8.15 Auer: Arrivée um Knuedler

Foto: Gidd och dir Deel vun der „Vëlo-Gang“ a fuert mat eis vu Miersch an d‘Stad. © Camille Muller / Pro Vëlo

Related topics Kaffi-Croissant, Lëtzebuerger Vëlosinitiativ, Mam Vëlo vu Miersch an d'Stad, Pro Vëlo
Next post Previous post