Search

You may also like

Porte Ouverte an der Stater Theaterschoul
Business Money Neiegkeeten

Porte Ouverte an der Stater Theaterschoul

E Mëttwoch, den 9. September an en Donneschdeg, de 17. September

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt
Business Money Neiegkeeten

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!
Business Money Neiegkeeten

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!

Här Minister: Stoppt d’Mäerchestonn! Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze

money

Problematesch Taxi-Reform

Entrevue tëscht dem Konsumenteschutz (ULC) an der Taxi-Federatioun verdäitlecht d‘Suergen

Problematesch Taxi-Reform

Ugangs Januar gouf am Regierungsrot en Avant-Projet ugeholl, mat deem d‘Gesetz vum 5. Juli 2016 (Taxireform) soll modifizéiert ginn. Dësen neie Gesetzestext soll, esou de Wonsch vum Minister François Bausch, den 1. Januar 2022 a Kraaft trieden. Et gëtt allerdéngs zolidd Kritik, firwat eng Entrevue tëscht der ULC an der Taxi-Federatioun sech opgedrängt huet.

Taxi© Konsumenteschutz – ULC

Fir d‘Taxi-Entreprisen ass dem Minister säi Projet zur Modifikatioun vum genannte Gesetz net ziilféierend. Streng geholl, sollt et jo drëms goen, datt d‘Tariffer fir d‘Leit méi attraktiv ginn. Mat dëser totaler Liberaliséierung awer, géifen d‘Präisser net falen, mee zimmlech sécher weider klammen. Dës Suerg gëtt vum Konsumenteschutz gedeelt, well de Maart seele mécht wat d‘Politik sech vun dësem erwaart.

Wou dréckt de Schong?

Béid Verbänn, de Konsumenteschutz an d‘Taxi-Federatioun befierchten, datt mam Ofschafe vun de sechs geographeschen Zonen – fir déi jo den Ament begrenzt Lizenze vergi ginn – derzou féiert, datt et enger Konzentratioun vun der Offer um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg komme wäert. Dat besonnesch an de Beräicher Fluchhafen an Gar.

Déi gréisser Agglomeratiounen: Esch-Uelzecht an d‘Nordstad (Dikrech/Ettelbréck) kéinte wuel mat engem „bloen A“ dervu kommen, mee Ansonsten dierft et besonnesch am ländleche Raum zu engem däitleche Réckgang vun der Offer kommen, respektiv déi Offer déi da besteet, kéint zum Nodeel (beim Präis) fir de Client gelaangen.

Dat huet säi Grond: wann eng Taxi-Entreprise manner Faarten den Dag iwwer duerchféiere kann, ginn domadder hir Käschten net manner. Zumindest net signifikant. Ofgesinn dovunner, datt een do wäert mussen ofweie wéi vill Gefierer een nach bedreiwe wëll (wat jo dann och op d‘Schaffplazen iwwerdroe gëtt), mussen dann och d‘Präisser gehéicht ginn.

Uberisatioun vun der Déngschtleeschtung

Wann et onëmgänglech sech der weltwäiter Verännerung vun der Gesellschaft an de Gewunnechte vun de Konsumenten unzehuelen, esou muss een net all Dommheete matmaachen, déi schlecht fir d‘wirtschaftlech Entwécklung vun den Taxi-Entreprisen ass, mee zudeem d‘Dier fir all Zort vu Bedruch a Gefuddels opmécht.

Dat mam sougenannten „Locatiounsauto mat Chauffer“ (an dësem Segment ass mëttlerweil eng US-Internetfirma Maartleader) wat allgemeng als UBER-System verkläert gëtt, gefält weder der ULC nach der Taxi-Federatioun. Dës „Déngschtleeschtung“ soll mat där vun den offiziellen Taxie gläichgestallt ginn, an dat verbiergt méi Gefore wéi den ugestrieften Notzen.

No der konstruktiver Entrevue tëscht der ULC an der Taxi-Federatioun, huet de Konsumenteschutz en Appell vun de Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng) geriicht. Hie soll dach nach emol säi Gesetzprojet mat de concernéierte Leit iwwerpréiwen, fir datt zumindest séchergestallt ass, datt et net zu enger Präisdeierecht fir op dëse Service ugewise Persoune kënnt.

Illustratioun: Michel Kauer / pixabay

Related topics Konsumenteschutz, Liberaliséierung, Mobilitéitsminister, Taxi-Federatioun, Uber, ULC
Next post Previous post