Search

You may also like

EU-Ausseminister Krisesëtzung wéinst wäissrussescher Diktatur
Neiegkeeten

EU-Ausseminister Krisesëtzung wéinst wäissrussescher Diktatur

Nodeems et leschte Weekend an der leschter europäescher Diktatur bei

Esch-Belval: Den zweeten nationalen Impfzenter huet op
Neiegkeeten

Esch-Belval: Den zweeten nationalen Impfzenter huet op

Fir och am Süde vum Land Impfungen géint Covid-19 unzebidden,

Direkthëllef fir Entreprisen déi Léierplaze schafen
Neiegkeeten

Direkthëllef fir Entreprisen déi Léierplaze schafen

Betriber déi jonke Leit eng Léierplaz ubidde wëllen, esou eng

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn

Säit dem Ufank vum neie Schouljoer mussen d’Schüler vun de Klassen 2TPCM an 1TPCM bei der professioneller Formatioun am Commerce 35 bis 36 Stonne Kurs d’Woch besichen. Wann si am Module Préparatoire ugemellt sinn. Et muss ee bedenken, datt säit der Reforme vun dëser Formatioun een einfachen Ofschlossdiplom keen Accès fir Héichschoulen oder eng Karriär als Redakter an der ëffentlecher Funktioun bi

Fir op dësen Niveau ze komme sinn d’Studente verflicht an hiren zwee leschte Schouljoren eng Rei virbereedend Formatiounen ze verfollegen an ze bestoen. Des bestinn aus enger selwer ausgewielter Sprooch (4 Stonnen) a Mathematik (2 bis 3 Stonnen).

No enger Erneierung vum Stonneplang bei der Rentrée 2018/2019 sinn d’Schoulstonne fir d’Schüler vum Module Préparatoire, an der ginn et der vill, skandaléis iwwerlaascht ginn. Esou eng Situatioun ass zimlech diskriminéierend am Verglach zu den Ofschlossklassen am Enseignement Secondaire Classique (ESC) an am Enseignement Secondaire Général (ESG), déi wëchentlech 30 Stonne Kurs an der Moyenne hunn.

De Syndikat vun der Bildung an der Wëssenschaft (SEW) vum OGBL an der nationaler Unioun vun de Studenten zu Lëtzebuerg (UNEL) plaidéiert scho säit Jore géint de System mat de virbereedende Module an enger Iwwerschaffung am Fong, ouni datt de MENJA drop reagéiert. D’Politik leet nach ëmmer zu enger Sakgaass. An et sinn weiderhin déi selwecht Opfer: d’Schüler vun der Professioneller Formatioun.

Den SEW an d’UNEL beusproche fir déi Betraffen, wéi bei de Schüler vum ESC an ESG, eng Limitatioun vum Stonneplang op 32 Stonne pro Woch, mat der Konditioun, datt déi virbereedend Modullen am Horaire agerechent sinn.

Ausserdeem refuséiere si all Léisung bei der virbereedend Modullen am Lycée vun engem Online-Enseignant duerchgefouert ginn, wat just d’Iwwerlaaschtung vun der Schoul op Doheem géif iwwerdroen, mee soss kee pedagogesche Virdeel bitt.

Den SEW an d’UNEL an den nächste Wochen a Méint konkret Propositiounen ausschaffen an een neie Stonneplang erstellen. Am Fall wou keng Léisung zu dëser schiedlecher Situatioun fonnt gëtt mobiliséiert den SEW an d’UNEL seng ganz Kraaft fir ‘Interesse vun de Schüler ze schützen.

Matgedeelt vum SEW an dem UNEL
Iwwersat vum Shari Pleimelding /moien.lu

Related topics Formation Professionelle, OGBL-SEW, Schoul, SEW-OGBL, Stonneplang, UNEL
Next post Previous post