Search

You may also like

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!
International Neiegkeeten

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!

Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut
International Neiegkeeten

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss
International Neiegkeeten

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet,

Vu Lauter Covid19 gesäit een den Amazonas net méi

Well eis aus Profitgier Ëmwelt an Natur net wichteg sinn, gëtt am Amazonas all Dag eng Fläch entspriechend 4.340 Fussballfelder ofgeholzt

Vu Lauter Covid19 gesäit een den Amazonas net méi

Entspriechend den Zuele vun der brasilianescher Weltraumagentur INPE, sinn tëscht August 2019 a Juli 2020 net mann wéi 11.088 Quadratkilometer Reebësch ofgeholzt ginn. Eigentlech misst et richteg heeschen „ofgefackelt“. Dat ass eng Hausse vun 9,5% géintiwwer dem selwechten Zäitraum 2018/19 a mécht zimmlech däitlech, wéi eescht d‘Weltgemeinschaft de Klimawandel hëlt.

Déi hei genannten 11.088 Quadratkilometer sinn déi gréisste gemellte Fläch déi d‘Brasilianer säit 2008 vernicht hunn. Et ass näischt Perséinleches, et geet eenzeg ëm de maximale Profit vu wéinege Konzerner, virrangeg aus dem landwirtschaftleche Beräich, vu datt d‘Holz einfach verbrannt gëtt. Net rentabel genuch, a Geneemegunge géif et jo dofir och keng. An awer maachen och mir do mat.

Et gëtt wuel net a Fro gestallt, datt den Amazonas-Reebësch immens Massen un CO² stockéiere kann, firwat dëse jo och esou eng grouss Roll beim Weltklima spillt, mee wien elo de „Profit“ an d‘Täsch stécht, ass 2035 warscheinlech souwisou dout oder esou al datt déi puer °C méi fir hie keng gréisser Roll spillen. An den Egoismus vun dëse wéinege gëtt vun de Mächtege gestäipt.

An de faschistesche Leader vu Brasilien, Jair Bolsonaro, huet festgestallt, datt d‘Welt den Ament aner Suergen huet wéi seng Ideologie an säin Ëmgang mat der Pandemie. Et ass eng fantastesch Ausgankssituatioun fir dëst „ongenotzte wirtschaftlecht Potential“ zu Geld ze maachen. Offiziell natierlech zum wuel vum Land a der Bevëlkerung; faktesch fir déi eegen Täsch an d‘Komplizen.

Wat këmmert se d‘Mënschheet?

Elo huet et wuel eppes „Kritik“ aus dem Ausland, mee engersäits weist de Faschist déi zeréck well et sech ëm Amëschung a bannenzeg Ugeleeënheeten handelt, an anersäits ass d‘Kritik majoritär och nëmme gespillt, well et a vill Länner politesch gutt ukënnt. Stéchwuert: Mercosur. Dësen Accord, eigentlech en Assoziéierungsofkommes, widdersprécht voll a ganz dem Uschi sengem Green Deal.

Zanter Juni 2019 – also no gutt 20 Joer Diskussiounen – si sech d‘EU mat Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay eens, datt ee fir de maximale Profit béidersäits dem Atlantik ze steigeren, ee weder kann op Mënscherechter oder d‘Natur Récksiicht huelen. Urawunner ëmbréngen, gëtt quasi vu Bréissel als Selbstverteidegung vun enger mëssverstanener Wirtschaft an hiren Acteuren erkannt.

Et huet jo strategesch Grënn: kierzlech ass dat gréisste Fräihandelsofkommes an der Geschicht vun dëser Mënschheet beschloss ginn. De Mercosur gëtt domadder op déi zweet Plaz verdrängt, wat elo nei Erausfuerderunge mat sech bréngt. Nach befënnt sech dat ganzt an der „formaljuristescher Iwwerpréiwung“ an d‘Éisträicher hunn do schonn opportunistesch hire Widderstand ugekënnegt.

Zu Lëtzebuerg allerdéngs, wou d‘Piraten an déi lénk eigentlech nach déi eenzeg mat „Verstand“ sinn, wann et ëm Brasilien an de Reebësch geet, sinn awer och déi gréng dem Deal mat de Staate vum Mercosur-Grupp net ofgeneigt. Si hu wuel Bedenke wat d‘Mënscherechter an d‘Politik vun der brasilianescher Regierung ugeet, mee wéi déi Liberal ass een iwwerzeegt datt de Maart dat reegelt.

mat indymedia/ccs

Illustratioun: Ria Sopala / Pixabay

Related topics Amazonas, Brasilien, Klimawandel, Mënscherechter, Mercosur, Naturschutz, Ofholzung
Next post Previous post