Search

You may also like

Bourse Auguste van Werveke-Hanno: 4 Stundente goufe geéiert
Neiegkeeten Stories

Bourse Auguste van Werveke-Hanno: 4 Stundente goufe geéiert

Vergaangene Freideg hate 4 Schüler d’Éier eng Studien-Bourse vun der

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet
Neiegkeeten Stories

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet

En Dënschdeg huet déi britesch Regierung duerchblécke gelooss, datt et

Nouvelle vun der Aarbechtsfront
Neiegkeeten Stories

Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Dat huet et well laang net méi ginn an dofir

Kennt Dir schonn d’Äerdschëff?

Wousst Dir eigentlech, datt zu Réiden un der Atert hannert dem Lycée en Äerdschëff entsteet? Zil ass et en Gebai, dat sech herno selwer versuerge soll, aus scho benotze Materialien ze bauen an uschléissend duerch de Monitoring vum Projet weider Réckschlëss op eist Verhalen an déi hei ugewannte Prinzipien ze zéien.

Mam Bléck op den „Earth Overshoot Day“, dee fir Lëtzebuerg dëst Joer op de 16. Februar gefall ass, sollt een dëse Projet méi genee ënnert d’Lupp huelen. Ressourcen wéi Waasser a Stroum sinn net selbstverständlech, an awer verbrauche mir all däitlech méi, wéi eis eigentlech zur Verfügung steet.

Zënter Juli 2019 gëtt dofir un engem Gebai – dem sougenannten Äerdschëff – geschafft, fir ënnert anerem erauszefannen, ob et alternativ a méi nohalteg Bauweisen ginn, a wéi een effikass déi Mëttel notze kann, déi grad do sinn. Mam Bau ofschléisse wëll een am Abrëll 2021. Ma, da geet de Projet a seng Monitoring-Phas, bei där beobacht an analyséiert gëtt, ob d’Gebai richteg konzipéiert ginn ass, ob alles funktionéiert wéi virgesinn a wéi et sech am Verglach zu aneren Ärdschëffer entwéckelt.

ÄerdschëffVisitt um 21. November © Shari Pleimelding/moien.lu

Gutt duerchduecht?

DVentilatioun gëtt duerch Réier am Buedem gereegelt. Ab enger bestëmmter Buedemdéift bleift d’Temperatur nämlech konstant, wat ee sech wärend alle Joreszäiten zu Notze maache wëll. Duerch eng ugepasste Schréi vum Daach, schéngt zousätzlech am Wanter d’Sonn esou eran, datt d’Gebai bannen gehetzt ass, wärend am Summer just d’Luucht vun der Sonn kënnt an d’Réier am Buedem fir en angenehme Klima suerge sollen.

E weidert Element ass de sougenannten Aquaponic-System. Bei dësem zouene Kreeslaf gi souwuel Fësch, wéi och d’„Grünzeuch“ versuergt. D’Ofwaasser am Tank vun den Déiercher leeft viru bei d’Planzen, déi esou hir Fiichtegkeet kréien, d’Waasser gläichzäiteg filteren fir zeréck bei d’Fësch ze fléissen.

ÄerdschëffVisitt um 21. November © Shari Pleimelding/moien.lu

Stroum wëll d’Crew vum Ärdschëff duerch Solarzellen um Daach an eng Wandmille beim Rondpoint gewannen. Gespäichert gëtt d’Energie schliisslech a Salzbatterien, déi als eng ëmweltfrëndlech Technologie gëllen. A wa mer scho bei der Ressource Energie si, gi mer direkt weider bei d’Waasser.

D’Annick Meiers, Architektin a Coordinatrice vum Projet, erkläert, datt et generell e laange Prozess ass, fir iwwerhaapt emol all Geneemegungen beim Äerdschëff ze kréien. Schlussendlech gouf accordéiert, datt an 3 Tanke vu jee 10.000 Liter Reewaasser gesammelt dierf ginn. Déi ëffentlech Toilette missten allerdéngs no bausse verlagert an un dat ëffentlecht Netz ugeschloss ginn.

Dës weideren krut d’Ekipp verschidden Accorden just, wa si fir bestëmmt Aarbechten Firmen beoptragen. Et wier eng Saach vu Verantwortung an e Fräiwëllegen ouni Kenntnisser kann dann awer net all Tâche verriichten.

Äerdschëff© Shari Pleimelding/moien.lu

„Volunteers welcome!“

Fir de Bau vum Äerdschëff gëtt – wéi der et uewe scho bestëmmt erausgelies hutt – virun allem op Fräiwëlleger zeréckgegraff. Ob national oder international, iwwert e kuerzen oder längeren Zäitraum, oder och ganz spontan Moies dozou entscheet beim Projet hëllefen ze wëllen, kann hei wierklech jiddwereen aktiv ginn. An dobäi muss een am viraus kee Profi mat der Buermaschinn, Spachtel a Co sinn.

Bis Enn November war beispillsweis eng Ekipp vu Youth & Work present, déi wärend 6 Woche kräfteg matgemëscht huet. Aktuell sinn ënnert anerem d’Sofie aus Éisträich, wéi och e Volontaire aus Groussbritannien aktiv mat dobäi, wärend scho geschwënn Verstäerkung aus Russland komme soll.

Kritik zu de Pneuen

An diverse Reportagen hunn d’Lieser sech an de Kommentaren iwwert d’Pneuen opgereegt, déi beim Äerdschëff genotzt ginn. „Dat ass jo dach net nohalteg“ goung aus der Majoritéite vun den negative Kritiken ervir. Laang Zäit huet och d’Ekipp driwwer diskutéiert, ob een dëse Produit notze kann a soll. Schlussendlech huet ee sech dofir entscheet. D’Grënn si villsäiteg:

Zum engen stinn d’Pneuen fir ee vun de villen Objeten, bei deenen, nodeems se ofgenotzt sinn (wann et iwwerhaapt dozou kënnt), nach keng gutt Léisung zur Entsuergung parat steet. Bei dësem Projet gëtt hinnen een zweet Liewe geschenkt, ma gläichzäiteg och zur Diskussioun ugereegt.

ÄerdschëffVisitt um 21. November © Shari Pleimelding/moien.lu

Iwwregens: Wie sech elo Suergen ëm d’Brennbarkeet vun de Pneue mécht, dee sief berouegt. Déi gréng Pirate vum Äerdschëff hunn am Gebai eng Schicht Lehm driwwer gezunn an eng Weider soll nach nokommen.

Gehéiert e Schëff net eigentlech an d’Waasser?

Dëst Äerdschëff ass déi Lëtzebuerger Iwwersetzung vun den Earthships, déi 1970 hiren Ufank duerch den amerikaneschen Architekt Mike Reynolds an der Wüst vun New Mexiko (USA) gefeiert hunn. E puer Beispiller wéi se kënnen ausgesinn, fannt Dir op earthshipglobal.com.

Doduerch datt d’Gebai aus Materialien besteet, déi hei en zweet Liewe gebuede kréien, an d’Konzept datt et sech selwer versuerge muss, kritt een däitlech virun Aen gehalen, wat een déi begrenzte Ressourcen ze handhaben huet. Einfach emol de Krunn onnéideg lafe loossen, ass hei net dran.

„D’Earthships sinn normalerweis privat Projeten. Och den Numm „Earthship“ ass geschützt. “, sou d’Annick. Esou huet ee sech zu Réiden dofir entscheet, dat Ganzt mat engem Lëtzebuerger Numm op déi eegen Aart a Weis unzegoen. D’Äerdschëff ass e Pilotprojet, deen op den Terrain an un d’Klima hei am Land ugepasst ass.

Dir sidd nach net iwwerzeegt oder awer héich motivéiert fir ze hëllefen? D’Äerdschëff-Ekipp freet sech iwwert all Besuch an all Hand, déi mat upäckt. Och mir wäerten an Zukunft ëmmer erëm luusse goen, fir eis d’Fortschrëtter unzekucken.

An der Billergalerie fannt Dir Opname vum Workshop um 21. November an enger spontaner Visitt um 3. Dezember © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Äerdschëff, Annick Meiers, CELL, Fräiwëlleger, Mike Reyonolds, Nohaltegkeet, Pilotprojet, Pneuen, Reewaasser, Réiden un der Atert, Solaranlagen, Stroum, Ventilatioun
Next post Previous post