Search

You may also like

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
Kultur Neiegkeeten

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

Jo wat dann elo?
Kultur Neiegkeeten

Jo wat dann elo?

Ee Méindeg hunn d‘Piraten an der Chamber eng Drénglechkeetsfro un

money
Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung
Kultur Neiegkeeten

Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung

Dëse Mëttwoch huet Bréissel op e neits déi 28 Memberlänner

De Countdown leeft: Äre Projet (m)am Naturpark!

De Countdown leeft: Äre Projet (m)am Naturpark!

Zesumme mam Ministère fir Landesplanung lancéieren déi dräi Naturparken Öewersauer, Our a Mëllerdall déi 4. Editioun vum Concours „Äre Projet (m)am Naturpark!“. Heibäi kréie Privatpersoune, Betriber a Veräiner aus ganz Lëtzebuerg d’Chance op eng finanziell Ënnerstëtzung vu bis zu 6.000 € fir hir innovativ Iddi.

Eng weider Viraussetzung ass et, datt de Projet eppes mam Erhalt an der Restauration vun der Diversitéit an der Eegenaart vun der natierlecher Ëmwelt, der Flora a Fauna, dem Erhalt an der Opwäertung vu Waasser-, Buedem- a Loftqualitéit, dem Erhalt an der Opwäertung vum kulturellen Ierwen, der Fërderung vun der wirtschaftlecher a sozio-kultureller Entwécklung vun den Awunner a Saache Liewensqualitéit an Jobchancen, an/oder der Fërderung vun Tourismus- a Fräizäitaktivitéiten ze dinn hunn.

Nach bis de 15. Mäerz 2021 hutt Dir Zäit Iech unzemellen. De Formulaire zur Participatioun fannt Dir op www.naturpark.lu. Weider Informatiounen fannt Dir um Flyer (PDF).

D’Iddien an d’Gewënner vum leschte Joer fannt Dir HEI, sou wéi a folgendem Video:

Related topics Äre Projet (m)am Naturpark, Ëmwelt, Fräizäit, Iddien, Natur- a Geopark Mëllerdall, Naturpark Öewersauer, Naturpark Our
Next post Previous post