Search

You may also like

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas
Neiegkeeten

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas

Den neien Album „Stad, Land, Goss“ vun de Lëtzebuerger Minnets-Däpp

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer
Neiegkeeten

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer

Um kommende Samschdeg organiséiert den Automobiles Club op een neits

Een neie Schäffen: Vereedegung vum Maurice Bauer
Neiegkeeten

Een neie Schäffen: Vereedegung vum Maurice Bauer

Gëschter ass de Maurice Bauer (CSV) vun der Inneministesch Taina

Projet „Gravity“: Den éischte Stee fir bezuelbare Wunnraum

Projet „Gravity“: Den éischte Stee fir bezuelbare Wunnraum

Elo ass d’Gemeng Déifferdeng selwer zum Promoteur ginn. Et verfollegt een e kloert Zil, dat zu Gonschte vun de Bierger soll sinn: Bezuelbaren an ëffentleche Wunnraum. Hannert dem Numm „Gravity“ verstoppe sech nämlech zwee Wunntierm mat 14 an 18 Etagen an 80 Wunnengen, déi bis 2023 fäerdeg kéinte sinn. Ma, gëschter gouf den éischte Stee gesat.

Mat engem Investissement vu 40 Milliounen Euro an der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Logement geet een déi aktuell Wunnengsnout un a schaaft esou Wunnraum fir eng gemëscht Gesellschaft, sou datt och d’Zesummeliewe vun de verschiddensten Typpe vu Mënsche gefërdert gëtt.

Klengt dach gutt oder?

Laut dem Dossier ass virgesinn, datt 80 Wunnenge mat 2 bis 4 Zëmmer entstinn. Ma, 28 Eegentumswunnengen a 4 Wunnenge fir Seniore 60+ si fir de Verkaf geduecht, wärend 48 Wunnenge fir ze lounen – dorënner 24 Stéck fir Seniore 60+ an 8 fir Mënsche mat Behënnerung – sinn.

Dës weidere komme 4 Duplex-/Triplex-Wunnengen an den Tuerm, sou wéi eng Gemeinschaftszär vu 40 m² um 15. Stack, e Gemeinschaftsraum mat Kichen an Equipement fir Fester um 14. Stack, sou wéi 225 Parkplazen an der Déifgarage – dovunner 80 Plaze fir d’BewunnerInnen.

Am Niewegebai ass eng privat Crèche virgesinn, an och eng Akafsgalerie a Bürosfläche sollen an der „Schwéierkraaft“ ze fanne sinn.

Déifferdenger Skyline: Eng futuristesch Identitéit

Nach bis de 15. November 2020 kann ee seng Demande areechen, fir d’Chance op eng vun 28 Wunnengen ze kréien. Dobäi geet een net dem Prinzip „Den Éischten ass vir“, mee all Kandidate ginn a verschidde Gruppen agedeelt, déi duerch e Punktesystem klasséiert ginn. Esou ginn et beispillsweis 600 Punkte fir eng Persoun, déi schonn ëmmer zu Déifferdeng gewunnt huet, 390 Punkte fir eng Koppel vun 21 Joer an 300 Punkten, wann ee scho méi wéi 6 Joer schafft.

Den detailléierte Punktesystem kënnt Dir Iech HEI ukucken.

Gravity

Eng Inspiratioun fir weider Gemengen

Mat Präisser vun ënnert 400.000 € läit een dobäi e gutt Stéck ënnert dem Duerchschnëttspräis. Den duerchschnëttleche Quadratmeterpräis fir en Neibau läit zu Déifferdeng nämlech bei 6.231 Euro, wouduerch d’2-Zëmmer-Wunneng bei „Gravity“ eigentlech 498.480 Euro (fir 80 m²), d’4-Zëmmer-Wunnegen ganzer 778.875 Euro (fir 125 m²) misst kaschten.

Wéi d’Christiane Brassel-Rausch, Buergermeeschtesch vun der Stad Déifferdeng erkläert huet, géif bei dësem Projet den Duerchschnëttspräis ouni TVA bei 4.000 Euro pro Quadratmeter leien.

D’Präislëscht fannt Dir HEI.

Gravity(v.l.n.r.) Tom Ulveling, Stad Déifferdeng; Henri Kox, Minister fir Logement; Christiane Brassel-Rausch, Buergermeeschtesch vun der Stad Déifferdeng © MLOG

Beim Setze vum éischte Steen huet den Henri Kox, Minister fir Logement d’Stad Déifferdeng fir säi responsabelen a visionären Engagement gelueft. An dësem Kader huet hien drun erënnert, datt méi Gemengen d’Erausfuerderung vum bezuelbare Wunnraum ugoe mussen.

Mam neie Pacte Logement bitt de Staat nämlech déi noutwenneg Ënnerstëtzung bei esou Initiativen. De Bauzouschoss erméiglecht aktuell d’Subventionéierung vu bis zu 75 % fir d’Kreatioun vu Wunnraum fir ze lounen a beim Schafe vu bezuelbarem Wunnraum gëtt souguer weider finanziell Hëllef gebueden, wéi och e Beroder vum Staat zur Verfügung gestallt.

„Wat mir baue bleift, an zwar fir ëmmer an dat ëffentlech, bezuelbar an nohalteg“, huet de Minister Kox schlussendlech ervirgehuewen. Bleift ze hoffen, datt dëse Projet erfollegräich ëmgesat gëtt, a virun allem, datt dëse weeweisende Projet och tatsächlech säin eigentlecht Zil verfollegt, sou datt „Gravity“ als Beispill fir zukünftege bezuelbare Wunnraum ervirgoe kann.

Opmaacherbild: Stad Déifferdeng

Related topics Bezuelbare Wunnraum, Demande, Duerchschnëttspräis, Gravity, Henri Kox, Minister fir Logement, Promoteur, Punktesystem, Skyline, Wunntuerm
Next post Previous post