Covid-19 an der Educatioun: „Jo Infektioune sinn an der Schoul méiglech“
Haut de Moien wollten den Educatiounsminister Claude Meisch an de
Haut de Moien wollten den Educatiounsminister Claude Meisch an de
Scho wäit am viraus ass déi ominéis Juegd vum 29.
Um 26. Februar huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am Haus vun
Bis ewell si schonn 26. Projeten agereecht ginn. D’Verlängerung ass also net op ee Manktem u Participanten zeréckzeféieren. Den Organisateuren vum Concours ass et wichteg, grad elo an Zäite vun der Pandemie, alle Lëtzebuerger Privatpersounen, Betriber a Veräiner d’Méiglechkeet ze ginn, déi aktuell Situatioun kreativ ze notzen a sech Gedanken ëm d’Zukunft ze maachen.
Gesicht ginn innovativ an nohalteg Projeten an Events. D’Viraussetzung ass, datt de Projet oder d’Evenementer an engem vun den dräi Naturparken ëmgesat musse ginn. Am Ganze gi 6 Gewënner-Projeten ausgewielt, déi vun enger finanzieller Ënnerstëtzung vu bis zu 6.000 € profitéieren dierfen.
Äre Projet sollt mat den Ziler vun den Naturparken harmonéieren. Dobäi ass een a vill méi Beräicher aktiv, wéi just Natur an Ëmwelt:
Op der jeeweileger Säit vun den Naturparke sti Formularen zur Participatioun zur Verfügung, déi Dir ausgefëllt mat Ärem Projet bis den 1. Mee 2020 entweder per Mail oder per Post un den Natur- & Geopark Mëllerdall (8, rue de l’auberge L-6315 Beefort) eraschécke sollt. Sollt Dir de Formulaire net fannen, kënnt Dir Iech gären iwwert info@naturpark-mellerdall.lu mellen.