Search

You may also like

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren
Neiegkeeten

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren

Eleng dës Woch sinn (laut der IOM) op mannst 20

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien
Neiegkeeten

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien

Fir déi grenziwwerschreident Kooperatioun zum Schutz vum Waasser a Wallounien

Internationale Succès fir déi belsch Avataren am Mudam
Neiegkeeten

Internationale Succès fir déi belsch Avataren am Mudam

Déi interaktiv Ausstellung Me, Family gouf an Zesummenaarbecht mat der

Wou ass een dru mam Projet „Nordstad“?

Wou ass een dru mam Projet „Nordstad“?

Wien „Nordstad“ héiert denkt an éischter Linn emol un Dikrech an Ettelbréck. Et ass gewosst, datt d‘Buergermeeschter hei politesch diametral opposéiert Weeër beschreiden, mee si sinn net eleng um Rudder. Bettenduerf, Ierpeldeng a Schieren hunn och ee Wuert matzeschwätzen. Elo heescht et datt nees Beweegung an den Dossier komm ass.

Gëschter huet den Inneministère bekannt ginn, datt si säitens de fënnef genannte Gemengen eng Demande erhalen hunn. D‘Gemengen hunn eng Finanzhëllef zugonschte vun de Virbereedungen, vun der Fusioun tëscht all dëse Gemengen. Déi, esou gouf et emol decidéiert, soll sech op 5.000 Euro pro Awunner belafen. Dës Zomm läit awer däitlech iwwert de bis ewell entriichten Hëllefen.

Vum Inneministère heescht et elo, datt ee sech dëse finanzielle Revendicatiounen elo emol muss zouwennen an analyséieren. Et gehéieren zur Demande vun de Gemengen en ganz Rëtsch Projeten, déi och mussen a Consideratioun geholl ginn. Wann dës Analysen ofgeschloss sinn an déi dozou gehéierend Conclusioune virleien, ginn se dem Regierungsrot ënnerbreet, deen dann decidéiert.

Et dierf nach drop higewise ginn, datt dës Fusioun, déi méiglecherweis schonn 2023 kéint ëmgesat ginn, déi gréisste wier, zanter sech fir d‘Zesummeleeë vu Gemengen ausgeschwat gouf. D‘Nordstad ass als Projet schonn eppes eeler an d‘Regierung huet och scho ganz vill Projete finanzéiert. Hei gëllt et uecht ze doen, datt fir eent an datselwecht net zweemol Geld an de Grapp geholl gëtt.

Illustratioun: © Annie Spratt / unsplash

Related topics Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Fusioun, Ierpeldeng, Inneministère, Nordstad, Schieren
Next post Previous post