Search

You may also like

Covid19-Gesetz: Akt X
Neiegkeeten

Covid19-Gesetz: Akt X

Beim Gesetzprojet 7752, geet et an der Haaptsaach drëms, déi

Coronavirus: Weider total Intransparenz vun der Regierung an der Koppel Lenert-Meisch
Neiegkeeten

Coronavirus: Weider total Intransparenz vun der Regierung an der Koppel Lenert-Meisch

Nodeems d‘Paulette Lenert (LSAP) an de Claude Meisch (DP) iwwer

Privatsheriffer an de Stater Quartieren – en absoluten NO-GO!
Neiegkeeten

Privatsheriffer an de Stater Quartieren – en absoluten NO-GO!

D’ass iwwert eng Noriicht vun RTL, wou mir als Gemengerotsmemberen

Aktioun Zukunftsbrout: Qualitéit duerch Handaarbecht

Aktioun Zukunftsbrout: Qualitéit duerch Handaarbecht

Mam Projet ZUKUNFT SÉINEN! mécht d’Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg Asbl all Joer op déi ekologesch Planzenzuucht ouni Gentechnik, am Respekt mat Mënsch an Natur opmierksam. Duerch d’Aschränkunge vun der Pandemie hunn d’Memberen an d’Oiko-Bakhaus sech zesummegedoen, a sech eppes ganz Spezielles afale gelooss: D’Zukunftsbrout!

De Weess, deen am leschte Joer per Hand geséint ginn ass, gouf nämlech zum Deel an e Sesam-Brout verwandelt, dat et beim NATURATA ze kafe ginn ass. Ganzer 10% vum Erléis huet de Biobuttek dunn als Merci un d’Vereenegung gespent. De Scheck an Héicht vun 1.500 € ass um 14. Dezember am Bakhaus iwwerreecht ginn.

Zukunftsbrout

Behalen hunn d’Memberen dëse Betrag allerdéngs net. Fir de Krees zouzemaachen an och an dësem Joer nees neit Geseems ze kréien, hu si den Erléis un d’Karziichtung Peter Kunz an der Schwäiz, dee sech fir eng ekologesch Zuucht vu Kar an den Erhalt vun der Souveränitéit asetzt, weiderginn.

Weider Informatiounen wat de Projet ZUKUNFT SÉINEN! genee ass, fannt Dir a folgendem Video:

Related topics Bakhaus, ekologesch Landwirtschaft, Handaarbecht, Kar, Naturata, Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg Asbl, Weess, Zukunftsbrout
Next post Previous post