Search

You may also like

money
Regierung erhéicht de Mindestloun, d‘UEL protestéiert
International Neiegkeeten

Regierung erhéicht de Mindestloun, d‘UEL protestéiert

E Freideg no der Sëtzung vum Regierungsrot, hat de Premierminister

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert
International Neiegkeeten

Wéi Däitschland säi politescht Gesiicht verluer huet, erkläert

Um Sonndeg waren eis Noperen opgeruff e neie Bundestag ze

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt
International Neiegkeeten

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt

Better Call Saul ass eng groussaarteg Serie. An déi drëtt Staffel

Ungarn: Faschistesch Propaganda fir de Walkampf

Dem Viktor Orban seng populistesch Stuermtruppe gi Gratis-Zeitungen an deene Stied eraus wou de politesche Géigner d‘Geschécker leet

Ungarn: Faschistesch Propaganda fir de Walkampf

An Ungarn dréit sech den Ament, wéi villeruerts op der Welt, dat meescht ëm d‘Covid19-Pandemie an déi wirtschaftlech Suergen, déi domadder zesummenhänken. Ungarn war bannent der Visegrad-Grupp de Groussmeeschter vum Wirtschaftswuesstem, mee d‘sanitär Kris huet déifgräifend Spuren hannerlooss. Mee et stinn och wichteg politesch Rendez-vousen op der Agenda.

Déi kloer Faschistesch an antieuropäesch Fidesz, gesäit sech ëmmer méi enger staarker Oppositioun op kommunalem Niveau ausgesat. Dat ass dem Regierungschef Viktor Orban a senge politesche Matleefer, hisiichtlech de fir 2022 ugesate Parlamentswalen, natierlech onangenehm. Dat ëm esou méi sech ofzeechent, datt dësen Trend och 2021 kéint bäibehale ginn. Et gëtt sech awer gewiert…

2020 zeechent sech politesch besonnesch duerch déi vun der Regierung ausgeüübte Vergeltung géint Stied a Gemengen, déi der Oppositioun bei (nach) demokratesche Walen zougefall sinn. Et ass dëse schlicht an einfach de Geldkrunn zougedréint ginn. Kee Geld bedeit fir d‘Mënschen datt eng Rei gewinnte Servicer, net méi esou rullen, wéi een sech dat als Bierger eigentlech erwaarden dierft.

Elo huet déi ungaresch Regierung – déi sech erwisenermoosse géint Rechtsstaatlechkeet, Bildung an Onofhängegkeet vun der Justiz ausgeschwat huet – awer net wëlles sech entmuechten ze loossen an och wann de Viktor Orban bis ewell „eppes mat Bréissel“ beschäftegt war, esou ass de Problem mat den EU-Subventiounen zumindest temporär ausgesat, also bis zum Positionnement vum EuGH.

D‘Fidesz kann also op zolidd EU-Zouwendungen zréckgräifen, fir Campagne ze maachen. Ganz interessant: d‘Faschiste gënnen sech mat dësem Geld d‘Publikatioun vun enger Gratiszeitung, déi virzuchsweis an deene Stied a Gemengen ausgedeelt gëtt, wou d‘Oppositioun d‘Zigel iwwerholl huet. Dës Zeitung mam onverfänglechen Numm „City7“ enthält vill Informatiounen a Propaganda.

Wëssen et richteg unzepaken

Um Beispill vum Opmaacher an der Stad Pecs (Ausgab vun e Méindeg) gëtt séier ersiichtlech wat den Zweck vu „City7“ ass. En Artikel titelt: „Déi lénk wëllen d‘Stroossebeliichtung ofschalten an d‘Busser unhalen“. Elo ass de Buergermeeschter awer weder lénken, nach wëll hie Luuchten ofschalten oder den ëffentlechen Transport ofschafen. An awer kéint den Artikel stëmmeg sinn.

D‘Stad Pecs soll 2021 grad esou vill staatlech Dotatiounen erhalen, wéi néideg ass fir net nee beim EuGH musse virstelleg ze ginn. Dem Buergermeeschter sollen d‘Moyenen entzu ginn, wat dëse jo dann zwéngt op iergendenger Plaz ze spueren. Da kann och derzou féieren, datt bei der ëffentlecher Beliichtung an dem ëffentlechen Transport muss gebremst ginn. Mee net nëmmen do klemmt et.

Dës Zeitunge leien iwwerall do aus, wou et „Widderstand“ géint d‘Politik vun der Fidesz gëtt. Si gëtt publizéiert vun enger dem Orban noer Stëftung. Nodeems déi ungaresch Regierung decidéiert huet alles un rentabelem Staatsbesëtz iwwert den Ëmwee vu Stëftungen ze privatiséieren, ass et wuel konsequent, publizistesch an dem Springer-Virbild entspriechend, Propaganda ze bedreiwen.

Wann dat alles Unzeechen dofir sinn, datt dat ee bei der Fidesz gewëssen Ängschten, bezunn op de politesche Géigner, entwéckelt, esou stellt sech dann awer d‘Fro, op d‘Oppositioun iwwerhaapt an der Lag ass, ee Walkampf ze bestreiden an d‘Walen ze gewannen. Sécher kann een drop verweisen, datt de Brexit zu ekonomescher Katastroph ausgeaart ass, an d‘Copainen net op der héicht sinn.

Den Alexander Lukaschenko, President vu Wäissrussland a Frënd, huet jo elo grad eppes schlechten Ëmgang an esouguer d‘Opus Dei Jünger vun der polnescher PiS sinn am Begrëff eppes vun hirer Popularitéit anzebéissen. Aus Grënn, dierf net emol méi de bayresche „Facho-Verstoer“ Manfred Weber vun der EPP, dem Viktor Orban seng fiicht Dreem relativiséieren. Klengt no Hoffnung…

Et ass gutt iwwerluecht ginn

Fir de Viktor Orban, d‘Fidesz souwisou an d‘Partner wuel och, ass de Covid19-Problem eng vun de groussen Onbekannten an der Equatioun. An Ungarn stierwen, proportionell zur Landesgréisst, méi Mënschen um Coronavirus wéi anerwäerts. D‘Oppositioun huet sech gesammelt a wëll mat enger gemeinsamer Front 2022 d‘Fidesz entmuechten. De Géigner aspären, dat geet an der EU nach net.

Dëse mëttels falschen Noriichten a falschen Zeitungen ënner Drock ze setzen ass awer méiglech, an dat besonnesch dann, wann dës Publikatiounen duerch EU-Subventioune kaum Geld kaschten. Mee firwat den Opwand? Dem Orban seng Gefollegsleit hu sämtlech Medien am Land schonn iwwerholl an déi gréissten Televisiounschaîne léist politesch Themen esouwäit wéi méiglech ganz op der Säit.

Et bleift den Internet, wou nach kritesche Journalismus méiglech ass. De Problem hei: et huet kaum wann iwwerhaapt Lokalnoriichten, besonnesch bezunn op de ländleche Raum. Staatlech Werbung gëtt et an Ungarn (änlech wéi bei eis) generell nëmme fir regimetrei Publikatiounen, oder därer déi zum „Frëndeskrees“ gehéieren. „City7“ huet beispillsweis och nëmmen een eenzegen Annonceur.

Dat ass de Schwäizer Zuch- an Tramhiersteller Stadler. Werbung an onofhängege Medie maachen ass zudeem och fir d‘Entreprisen net esou einfach. An esou geet Ungarn ëmmer méi op Distanz zur Demokratie a räisst déi ganz europäesch Unioun mat. Et soll him awer guttgehale ginn, datt hien sech mat russeschem a chineseschem Impfstoff agedeckt huet. Déi sinn an der EU net zougelooss.

mat indymedia/bud

Illustratioun: © Geraldine Lewa / unsplash

Related topics Demokratie, Faschismus, Fidesz, Gratis-Zeitungen, Propaganda, Ungarn, Viktor Orban
Next post Previous post