Search

You may also like

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland
International Neiegkeeten

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland

E Freideg huet den US-Ausseminister, Mike Pompeo, annoncéiert, datt sech

Ocean Viking nees gefuerdert
International Neiegkeeten

Ocean Viking nees gefuerdert

Och wa gewosst ass, datt besonnesch ëm dës Joreszäit eng

Läich aus der Musel gebuergen
International Neiegkeeten

Läich aus der Musel gebuergen

Wien dann esou mengt, datt eis Beamte vun der Police

An Ungarn hunn LGBTI-Leit et schwéier

Nei Gesetzesännerungen - e "Propagandagesetz" no russeschem Virbild?

An Ungarn hunn LGBTI-Leit et schwéier

Den 10. Juni 2021 hunn Deputéiert vun der ungarescher Regierungspartei Fidesz drastesch Gesetzesännerunge virgeluecht. Dausende vu Mënschen si géint dëst feindlecht Gesetz op Strooss gaangen, mee changéiere wäert sech leider näischt. D’Parlament wäert den Entworf trotzdeem stëmmen, dëst war schonn dacks bei homophobe Regierungsentscheedungen de Fall. Esou gëtt massiv géint d’Meenungsfräiheet an d’Kannerrechter verstouss.

Dat neit Gesetz hätt nämlech zur Folleg, datt d’Informatiounsrecht an de Schutz vun homosexuellen an transsexuelle Jugendlechen ageschränkt géing ginn. Ënnert anerem solle Bicher, Filmer an all aner Saache verbuede ginn, déi Kanner a Jugendlechen zougänglech sinn an an deene Sexualitéit duergestallt gëtt, déi anescht wéi Heterosexualitéit ass. Och Reklammen oder Opklärungsbicher mat LGBTI-Leit solle verbuede ginn, well se eng falsch Normalitéit duerstellen. Dëst ass eng kloer Zensur no russeschem Virbild.

LGBTI

D’Regierungspartei Fidesz vum Premier Viktor Orbán ass schonn am leschte Joer mat engem Gesetzesentworf géint Homosexueller virgaangen, et gouf international kritiséiert. D‘Gesetz schreift ënnert anerem vir, datt d’Gebuertsgeschlecht net geännert ka ginn, des weideren ass et homosexuelle Koppelen net erlaabt, Kanner ze adoptéieren.

De Marc Angel, Co-Virsëtzende vun der LGBTI-Intergroup seet dozou, datt ONGen an Aktivisten ëm hier Verdeedegung kämpfen. D’Memberstaaten ginn opgefuerdert sech mat dëse Grondrechtsverletzungen ze befaassen an zesummen iwwert Beleidegungen an d’Diskriminéierung géint d’Wäerter vun de LGBTI-Leit ze diskutéieren. “Anti-Propaganda Gesetzer am russesche Stil hunn nämlech kleng Plaz an eiser Unioun!”

Illustratioun: © Jose Pablo Garcia / unsplash

Related topics Homophobie, Legislatioun, LGBTI-Intergroup, Marc Angel, Mënscherechter, Ungarn
Next post Previous post