Search

You may also like

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis
International Neiegkeeten

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis

Bei engem Rakéitenugrëff op d‘US-Basis zu Tadschi (onwäit vu Bagdad)

LSAP: Atommüll? Nee Merci!
International Neiegkeeten

LSAP: Atommüll? Nee Merci!

D’LSAP, besonnesch déi direkt betraffen LSAP Süd- an Nordbezierker, ass

Europa… eng Situatiounsiwwersiicht mat der Patronne
International Neiegkeeten

Europa… eng Situatiounsiwwersiicht mat der Patronne

Et war dem Ursula von der Leyen hir éischt Ried

D‘Briten hunn nei Propose fir de Brexit

Bréissel erkennt Chance fir e Kompromëss, mee ëm Detailer gëtt sech nach ëmmer gestridden

D‘Briten hunn nei Propose fir de Brexit

Bei den „neie“ Virschléi geet et nach ëmmer ëm d‘Grenz op der irescher Insel. Et heescht datt de Boris Johnson mat den Nationaliste vun der DUP geschwat huet, an déi sech kompromëssbereet gewisen hätten. D‘EU-Kommissioun begréisst dat, mee et géif nach Sträit bei den Detailer.

De grousse Problem ass och weiderhin déi als „Backstopp“ bekannte Garantieklausel fir eng oppe Grenz tëscht de Republik Irland an de britescher Provënz Nordirland. Déi wëll de Boris Johnson aus dem Accord sträichen, mee seng bis ewell virgeluechte Propose gëtt zu Bréissel net ugeholl.

BrexitVun deem wat ewell doriwwer gewosst ass, also d‘Aféiere vun engem speziellen Zoll-Partenariat, woumatter Kontrollen un der Grenz géifen ewechfalen, ass een zu Bréissel nach net iwwerzeegt. Mee den EU-Kommissär Michel Barnier hält eng Eenegung nach fir duerchaus méiglech.

Woubäi esou en „Ofkommes“ jo net eleng zu London muss gefale fannen. „Och déi europäesch Unioun muss dësem Ofkommes, an dat eestëmmeg, nach zoustëmmen“, esou de Michel Barnier beim Treffen zu Lëtzebuerg. Et wier elo un der Zäit déi gutt Absichten an en Text ze paken.

Schwiereg awer machbar

„Och wann eng Eenegung schwiereg ass, an oppe gesot och ëmmer méi schwiereg gëtt, si ass dës Woch méiglech“, esou den EU-Kommissär um Dënschdeg zu Lëtzebuerg, wou hien den zoustännege Minister vun de Memberstaaten déi lescht Entwécklunge vir- an duergestallt huet.

Brexit

Gutt gemengt awer net ziilféierend. Et gëtt näischt méi iwwert datt d‘Briten nach ze decidéieren hätten, zumindest net wat den Austrëtt aus der europäescher Unioun ugeet. Si hunn sech 2016 fir de Brexit entscheet, sou hunn sech beléien a virféiere gelooss, elo sollten si standhaft sinn an hir domm Entscheedung mat erhuewenem Kapp akzeptéieren.

Fir den hollänneschen Ausseminister Stef Blok misst een unerkennen, datt d‘Briten sech beweegt hätten, leider net genuch fir sécherzestellen datt den EU-Bannemaart geschützt bleift. Et misst garantéiert sinn, datt et fir net EU-Produkter eng Hannerdier op der nordirescher Grenz gëtt.

Et misst alles gemaach ginn, wat derzou bäidréit eng deloyal Konkurrenz ze verhënneren, jo onméiglech ze maachen. Dat wat bis ewell vu London virgeluecht oder proposéiert gëtt, géif dëser grondsätzlecher Fuerderung net gerecht. A mat dëser Meenung ass den Hollänner net eleng.

Dobäi fënnt den EU-Sommet scho muer an e Freideg statt, an hei sollt den Accord fir e gereegelte Brexit stoen. Dat wäert net méiglech sinn, firwat sech elo virrangeg d‘Fro stellt, ob de Boris Johnson déi vum britesche Parlament „gewënschte“ Fristverlängerung net awer wäert ufroen.

BrexitHien ass jo fir e Brexit ënnert allen Ëmstänn. Ënnert dem Motto „Get Brexit Done“ hat hien den Torries beim Kongress zu Manchester en Austrëtt fir den 31. Oktober bestätegt. Et sollt een dann och dovunner ausgoen dierfen, datt de Boris Johnson ouni Récksiicht op Verloschter, dat duerchzitt.

mat indymedia/lon/dub

Foto: A véierzéng Deeg sollt d‘Bier geschielt sinn, an zwar mat oder ouni Accord. Et ass dobäi och vëlleg egal, op déi zu London géint oder fir en haarde Brexit sinn, op si de Boris Johnson awer nach iwwerriet kréien eng Fristverlängerung unzefroen. Ouni den eestëmmege Vott vun de Memberen ass weder de Briten hir Propose, nach eng Fristverlängerung méiglech. © Ben Habib/MEP

Related topics Backstopp, Boris Johnson, Brexit, Michel Barnier, No Deal
Next post Previous post