Search

You may also like

Den US-President hält d‘Staang riicht
International Neiegkeeten

Den US-President hält d‘Staang riicht

An enger Usproch un d‘Amerikaner huet den Donald Trump drop

moneysurprise
D’Lëtzebuergesch Wirtschaft huet sech laut der IDEA beschtens erholl
International Neiegkeeten

D’Lëtzebuergesch Wirtschaft huet sech laut der IDEA beschtens erholl

Fir d‘Fondatioun IDEA, den Think Tank vun der Handelskummer, befënnt

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi
International Neiegkeeten

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi

Ab dem 1. Mee 2021 wäert de Sébastien Genesca dem

Propper Marslandung vum Rover Zhurong

Propper Marslandung vum Rover Zhurong

Nom US-Rover „Perseverance“, deem d‘Landung schonn am Februar gelonge war, huet elo China och ee funktionelle Rover um roude Planéit – also quasi doheem – ofgesat. Géint eng Auer eiser Zäit, huet d‘Landemodul vum kommunistesche Raumschëff „Tianwen1“ de Rover Zhurong mat vill Gefill op der Mars-Uewerfläch ofgesat.

Déi chinesesch Missioun war am Juli 2020 gestart, an am Februar war d‘Mars-Ëmlafbunn erreecht ginn. Et ass eng vun dräi Missiounen déi 2020 lancéiert goufen. Déi éischt waren, dat gehéiert sech esou, d‘Amerikaner mat der agaangs genannter Missioun „Preseverance“. Mat am Renne sinn och d‘Emirater, déi hir Sond al-Amal vun den Amerikaner um Mars ofsetze loossen.

Bis zum Mars ze fléien, schéngt also esou lues zur Routine ze verkommen, wat zwar dem Charme, net awer de finanziellen a politeschen Interesse schued. Déi éischt déi Mars erreecht haten, waren d‘Sowjets an de 70er Joren. En Erfolleg war et allerdéngs net, no der „Landung“ war d‘Verbindung ënnerbrach ginn, a si sollt och ni méi opgeholl ginn. D‘Amerikaner hate méi Gléck.

D‘USA war bis ewell déi eenzeg, deenen et gelongen ass „Apparaturen“ um roude Planéit ze landen an och aus der Distanz ze kontrolléieren. Dat kënnen déi béis Kommunisten aus China elo och. Dee nom Feiergott Zhurong benannte Rover, ass an der Regioun „Utopia Planitia“ ofgesat ginn. Dese Rover muss elo nach „erwächt“ ginn, a soll da wéinstens 3 Méint laang aktiv sinn.

De Rover Zhurong ass ronn 240 Kilo liicht, verfüügt iwwer sechs Rieder a speist seng Batterien iwwer véier Sonnekollektoren. Hien ass éischter ee vum Typ „Gemälleg“, well mat 0,2 Km/H gehéiert hien och um roude Planéit net zu de Sprinter. Et geet dann och net ëm Vitesse, mee ëm d‘Sammele vun Informatiounen an d‘Gewanne vun Erkenntnisser. Alles cool….

mat Xinhua an indymedia/mia

Illustratioun: De chinesesche President Xi Jinping huet um Samschdegmueren allen Acteuren, déi dësen Erfolleg méiglech gemaach hunn, gratuléiert. © Xinhua

Related topics China, Feiergott, Mars, Rover, Weltraummissioun, Zhurong
Next post Previous post