Search

You may also like

money
D‘Industrie stellen sech nees op Produktivitéit an
Neiegkeeten

D‘Industrie stellen sech nees op Produktivitéit an

Den indesche Stolmagnat wëll d‘ArcelorMittal Standuerter Belval, Déifferdeng a Rodange

money
POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?
Neiegkeeten

POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?

Déi „Privat Entreprise mat Staatskapital“ POST Lëtzebuerg huet gëschter säi

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?
Neiegkeeten

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?

Zwou Frae waren an engem Londoner Nuetsbus iwwerfall ginn, well

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken

No de rezenten Ëmweltverschmotzungen huet d‘Regierung en Aktiounsplang an der Maach

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken

No engem Feier an der Industriezon zu Suessem war Läschwaasser an d‘Kar gefloss, en technesche Problem an der Kläranlag zu Beggen, e Retentiounsbaseng zu Beetebuerg dee schlecht ënnerhale ginn ass an d‘Feier an der Industriezon op der Kopp zu Iechternach, ass et un der Zäit sech ee puer Gedanken iwwert d‘Ëmweltsécherheet ze maachen. Elo soll et en Aktiounsplang ginn…

Bannent nëmmen e puer Wochen huet véier gréisser „Virfäll“ ginn, déi zur enger massiver a virun allem vermeidbarer Ëmweltkatastroph gefouert hunn. A wann dann och nach gewosst ass, datt et mat enger uerdentlecher Maintenance ze verhënnere gewiescht wier, dat geet engem séier bewosst, datt d‘Entreprise Sécherheet ëmmer eréischt da behäerzegen, wann e gréisse Schued geschitt ass.

Zanter der Feststellung dat d‘Wirtschaft sech net selwer disziplinéiere wëll (dat kascht Geld an ass vum Aktionariat onerwënscht) ass ni wierklech konkret iwwert Moossnamen nogeduecht ginn. Dat ass dem Fait geschëlt, datt de Politiker Entrepreneuren an der Wirtschaft an grousse Ganze manner Oplage mécht wéi de Bierger. Hir „Moossnamen“ sinn enger fräiwëlleger Selbstkontroll ënnerstallt.

Et ass jo nach ëmmer gutt gaangen

Engem awer ass gëschter an der Chamber den Hutt héich gaangen. Dat war keen anere wéi den DP-Deputéierte Gusty Grass, dee zwar feststellt dat elo „Aarbechtsgruppe“ gëtt déi sech dem Problem unhuelen, mee dat alles nees vill ze laang schleefe gelooss gouf. Hien erënnert drun, datt eist Land scho vun der EU-Kommissioun, wéinst dem Ëmgang mam Waasser, zur Uerdnung geruff gouf.

De CSV-Deputéierten Aly Kaes verlaangt dann och, datt all eis Industriezone permanent sollen iwwerwaacht ginn an Oplagen am Bezuch op d‘Maintenance musse gemaach ginn. D‘Kläranlage missten zudeem mat redundante Systemer ausstafféiert ginn. Deem schléisst sech den Deputéierte vun déi gréng, François Benoy un. Schliisslech hätt de Bieger en Usproch op proppert Waasser.

Bei de Piraten ass de Marc Goergen deen intervenéiert. Hien hält et fir abstrus, datt an engem Land wou d‘Digitaliséierung als „Zukunft“ ervirgehuewe gëtt, net längst Kontrollsystemer installéiert goufen, zemools et déi schonn eppes méi laang um Marché gëtt. Et misst een d‘Rad also och net nei erfannen, fir grondsätzlech Sécherheetsmoossnamen ze ergräifen. Mee wie soll dat entscheeden?

De Sozialist Franz Fayot stellt fest datt de Schutz vun eise Gewässer an dem Waasser am grousse Ganzen net méi séchergestallt ass. Et kéint nëmme besser ginn, wann et endlech esou eppes wéi eng „Kultur vun der Sécherheet“ géif ginn. Hie fuerdert dann och datt muss investéiert ginn, an zwar an Schutzsystemer an net an d‘Kompensatiounen déi fälleg ginn, wann de Schued geschitt ass.

Op et mat engem Plang gedoen ass?

Fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser misst een och dem CGDIS dat appropriéiert Material zur Verfügung stellen, fir entspriechend op esou „Katastrophen“ reagéieren ze kënnen. Et misst och wëssenschaftlech Analyse ginn, déi en Inventaire vu méigleche Konsequenzen opstellen. Den David Wagner vun déi lénk ass verwonnert, datt et an engem räiche Land iwwerhaapt esouwäit kënnt.

Bei déi lénk ass et awer net de Räichtum vum Land eleng deen de Problem léise kann. Et missten déi Entreprisen, déi d‘Ursaach vun esou enger Ëmweltverschmotzung sinn, vill méi staark an virun allem méi konsequent bestrooft an zur Kees gebuede ginn. Nëmme konkret Moossname wéi Geldstrofen an de Fait dat „Verantwortlecher“ perséinlech zur Verantwortung gezu ginn, hëlleft.

Iwwer Geldstrofen a Verantwortung denkt een den Ament weder am Wirtschaftsministère, nach am Ëmweltministère no. Fir deen Ament heescht et do just, datt d‘Land en Aktiounsplang brauch an un dësem geschafft gëtt. Den Ëmweltministère mécht dann elo en Inventaire vun allen Industriezonen an Retentiounsbasengen am Land. Fir de Rescht wier et wichteg, datt sech d‘Acteuren ofstëmmen.

Foto: Yogendra Singh / Pixabay

Related topics Chamber, Ëmweltschutz, Industriezonen, Kläranlag, Krautmaart, Waasser
Next post Previous post