Search

You may also like

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent
Neiegkeeten

Budapest: Cargolux als beschte Loftfrachtgesellschaft ausgezeechent

Virun ee puer Deeg ass d‘Cargolux vun den Autoritéite vum

Explosioun zu Beirut: CARE leescht Nouthëllef
Neiegkeeten

Explosioun zu Beirut: CARE leescht Nouthëllef

Zwee Deeg no der Explosioun um Hafen vu Beirut weist

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!
Neiegkeeten

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!

[onionbuzz quiz-id=105][/onionbuzz] D’Lëtzebuerger Muséeslandschaft ass de vergangenen 20 Joer opgebléit.

De Protest vun de Katalanen zu Lëtzebuerg

A Katalounien huet de Chaos d‘Iwwerhand geholl, nodeems d‘Independantisten zu Prisongsstrofe veruerteelt goufen

Net nëmmen a Katalounien gëtt Protestéiert. Déi katalanesch Communautéit a ganz Europa huet Protestpiqueten organiséiert, esou och e Samschdeg an der Mëttegstonn op der Clairefontainesplaz. Bei der „Heeschefra“ hat sech e gréisse Grupp versammelt, fir d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier ze fuerderen.

Eng Manifestatioun an e Mouvement déi vun der katalanescher Nationalassemblée (ANC) gedroe ginn. Si denoncéieren e politesche Prozess vum ieweschte Geriichtshaff zu Madrid a fuerderen, datt déi néng „politesch Prisonéier“ fräi gelooss ginn. D‘Manifestanten zu Lëtzebuerg bekloen de Fait, datt d‘Justiz mat engem Problem dee politesch muss geléist ginn, befaasst ginn ass.

„Et ass e kollektive Mouvement, deen d‘Mandat vum Vollek erhalen huet an seng Positiounen op demokratesch Aart a Weis verdeedegt huet“, esou d‘Vertriederin vun der katalanescher Regierung bei der EU, Meritxell Serret zu Bréissel. An d‘Entscheedung politesch Vertrieder, fir d‘Gestalte vun engem Referendum wéinst „Rebellioun“ a Verontreiung veruerteelen ze loossen huet elo Folgen.

Selbstbestëmmung als fundamentaalt Recht

D‘Meritxell Serret erkläert: „Déi politesch Verantwortlech hunn entscheet d‘Manifestatiounen ze repriméieren, an haut fënnt een ënnert de Manifestanten esouwuel Independantiste wéi Katalanen déi d‘Onofhängegkeet u sech net wëllen. Esou geet Demokratie: d‘Leit kämpfe fir hir fundamental Rechter a Fräiheeten. An d‘Recht op Selbstbestëmmung ass e fundamentaalt Recht“.

E Sonndeg hat et dann och zu Waterloo eng Maniff ginn un där sech eppes iwwer honnert Leit bedeelegt hunn. Si ware virun d‘Casa de la Republica, den Etat-Major vum Rot fir eng katalanesch Republik, wou den Carles Puidgemont nom Exil eng „Heemecht“ fonnt huet. Hie war dann och bis erauskomm an huet bedauert, datt d‘Regierung net gewëllt war eng politesch Léisung ze fannen.

Géint de Carles Puidgemont ass dann och en neien internationalen Haftbefehl ausgestallt ginn. Déi spuenesch Justiz werft dem fréiere Regionalpresident „Rebellioun“, „Seditioun“ a Verontreiung vun ëffentleche Gelder vir. Bis ewell huet déi belsch Justiz awer nach kleng Ustalte gemaach fir dësen europäeschen Haftbefehl ze vollstrecken. A Spuenien fannen am Dezember Parlamentswahle statt.

mat indymedia/bru

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ANC, katalanesch Nationalassemblée, Katalounien, Lëtzebuerg, politesch Prisonéier
Next post Previous post